2013 huet d'Anne Faber ugefaangen, Rezepter a senger Kichen zu London ze filmen a Videoe fir d'Tëlee ze produzéieren.

Deemools kruten d'Lëtzebuerger déi brittesch Rezepter méi no bruecht. Haut 10 Joer méi spéit entwéckelt hatt nach ëmmer Rezepter, filmt dës awer hei zu Lëtzebuerg. Dëst Joer ass d'Anne Faber geplënnert a konnt sech seng Dramkichen zesummestellen. Mir hunn hatt an där Kiche besicht, wou hatt d'Rezepter gefilmt huet, déi mer dëst Joer iwwert d'Feierdeeg op der Tëlee kënne gesinn. Vum 25. Dezember u steet alles am Zeeche vum Anti-Gaspi mat Rezeptiddien, wéi ee Rechter ka verwäerten.

Anne’s Kitchen Rezepter an der Kichen zu London

Anne’s Kitchen Rezepter  vu senger Europa-Tour (Barcelona, Istanbul, Berlin)

Anne’s Kitchen Rezepter gefilmt zu Lëtzebuerg am Filmstudio

Anne’s Kitchen Rezepter aus Asien

Anne’s Kitchen Rezepter – Feierdeeg 2022