Den RTL-Bêtisier ass do!
Déi witzegst Momenter viru lafender Kamera
2023 hat et a sech! Net nëmme war et e Super-Wal-Joer, och gouf et e grousse Rebranding bei RTL an nach esou villes méi, dat net esou geplangt war...
Op alle Fall goufen et och nees genuch Imprevue virun eise Kameraen an och hannert de Kulissen. Séier huet een den Text vergiess oder et ass engem eppes erausgerutscht, dat ee guer net soe wollt - an dat natierlech viru lafender Kamera! Mir weisen Iech all déi Situatiounen, an deenen eppes net esou gelaf ass wéi et sollt. Deels Saachen, déi esou tatsächlech live gewise goufen oder awer elo ganz exklusiv hei hir Première um Ecran bei Iech doheem hunn.
Vill Spaass mat eisem Bêtisier vum Joer 2023 - elo gëtt et eppes ze laachen!
Am meeschte gelies