Et ass wuel e Problem, dee jidderengem iwwer d'Feierdeeg beschtens bekannt dierft sinn. D'Iesse war sou gutt, et hat kee méi Plaz fir den Tiramisu.

Stollen Tiramisu

Fir 6 Persounen

5 Orangen
60ml Grand-Marnier
70g Zocker
2 Eeër
1 Iessläffel Vanillzocker
250g Mascarpone
200ml Ram
450g Stollen

Fir den Topping:

Kanéilzocker
Granatapelkären
Chrëschtdagszockerpärelen

Sou geet et:

4 Orangen uewen an ënnen ofschneiden, dann d'Schuel vun de Säite erofschneiden, sou dass d'Orangefleesch fräigeluecht ass. Orangespalten e ausschneiden an an eng kleng Schossel ginn.

De reschtlechen Orangejus aus de 4 ausgehielegten Orange pressen an, an en déiwen Teller ginn. Dann déi 5. Orange pressen an och dobäi ginn, sou dass een ongeféier 100ml Orangëjus kritt. Mat 60ml Grand-Marnier vermëschen an op d'Säit stellen.

D'Eeër trennen an d'Eewäiss mat enger Pouz Salz steif schloen. An enger grousser Schossel d'Eegiel mam Zocker a Vanillzocker cremeg schloen. D'Mascarpone an d'Ram dobäi ginn an zu enger steiwer Crème schloen. Den Eeschnéi ënnerhiewen.

De Stollen an Tranche schneiden an, an den Orangejus zappen, fir, dass e Flëssegkeet opsaugt. De Stollen an enger Zerwéierschossel verdeelen (oder an e puer verschiddene Schësselcher), dann e bëssi méi Jus driwwerschëdden a mat Orangestécker beleeën. Zum Schluss eng gutt Portioun Mascarponecrème dropginn. Wann een nëmmen eng grouss Schossel mécht, kann een och eng zweet Couche maachen, wéi bei engem klasseschen Tiramisu. Ech maachen am léifsten nëmmen eng Couche ënnen, dann ass et méi wéi en Engleschen Trifle.

Den Tiramisu mat enger plastiks Folie ofdecken a fir mindestens 4 Stonnen kalstellen.

Virum Zerwéieren den Tiramisu mat Kanéilzocker bestreeën, dann e puer Granantapelkären drop verdeelen a mat Zockerpärelen dekoréieren.