Scott Kirsch, Raoul Migliosi a Jérôme Merker
Am Live! Planet People geet et e Freidegowend ëm Kryptoinfluenzerboxweltmeeschteren, Theater a Seegelen.
De Scott Kirsch, besser bekannt als ‘Trading Lord’ op Instagram an TikTok, lieft zu Dubai. De Krypto-Influencer war een vun den éischten, déi un déi nei Wärung gegleeft hunn an huet fläisseg spekuléiert. Den Dram ass wouer ginn an haut lieft a schafft hien an der Sonn. Dobäi kënnt d'Boxen. D'Crypto Fight Night', déi vum fréiere Box-Weltmeeschter Amir Khan an d'Liewe geruff gouf, ass en offiziellt Evenement vum World Boxing Council (WBC) Hei ginn eng 7 bis 8 Kämpf tëscht verschiddenen Influencer gewisen, an de Scott ass elo schonn 2x 'WBC Crypto Boxing Champ'.

De Raoul Migliosi ass Acteur an huet sech, zesumme mam Christina Stephan den Dram vum eegenen Theater erfëllt. De Raoul huet 1999 Musek am Conservatoire zu Esch gemaach, duerno zu Köln fir Acteur geléiert an zu de bekanntste Produktiounen ziele sécher 'Wilsberg' a 'Pastewka'. Zu Rheinbach an Däitschland, am 'Theater am Lohmarkt', huet hien am September seng éischt Première gefeiert, nodeems d'Raimlechkeeten komplett renovéiert gi waren. Hiren Éiergäiz ass et elo, professionellen Ënnerhalungstheater op d'Bün ze bréngen.

De Jérôme Merker huet bei der Mini-Transat als éischte Lëtzebuerger Seegler den Atlantik en solitaire passéiert. Mat 23 Joer huet hien eréischt seng Leidenschaft fir d'Seegelen erkannt. Bei der Mini-Transat mat 4.500 Séimeilen (7.500km) ass hien den Challenge ugaangen, fir eleng mam Boot ze seegelen. No 28 Deeg op Séi louch hien op Plaz 46 am Klassement. Dat war awer fir hien nëmmen zweetrangeg, well de Jérôme huet sech och nach fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner engagéiert a Suen gesammelt a seng éischt gréisser Aventure eleng um Mier gutt iwwerstanen.
