A schweedesche Kinnekshaus steet e Samschdeg ee ronne Gebuertsdag un: d'Kinnigin Silvia feiert hir 80 Joer.

Déi schweedesch Kinnigin feiert hire Gebuertsdag e Sonndeg doheem am Schlass Drottningholm, ronn eng hallef Autosstonn vun der Haaptstad Stockholm fort. Um Programm steet ënnert anerem een Owesiessen am klenge Krees. Et ass ze erwaarden, datt nieft hirem Mann, dem Kinnek Carl XVI. Gustaf, och hir dräi Kanner an aacht Enkelkanner mat vun der Partie wäerte sinn.

Déi schweedesch Kinnigin koum den 23. Dezember 1943 zu Heidelberg an Däitschland op d'Welt. Hire Mann huet déi Däitsch-Brasilianerin 1972 bei den Olympesche Summerspiller zu München kennegeléiert, wou si als Hostess VIP-Gäscht zerwéiert huet.

Véier Joer méi spéit hunn dunn d'Hochzäitsklacke gelaut. D'Krounprinzessin Victoria koum 1977 als éischt Kand vun der Koppel op d'Welt.