D'Organisatioun "Freed um Liesen" setzt sech zanter 1996 dofir an, Kanner hiren Interessi um Liesen ze erwächen.

Dëst Joer krut d'Asbl "Freed um Liesen" am Kader vun hirer Adventsaktioun prominent Ënnerstëtzung vun der Ierfgroussherzogin Stéphanie an dem "klenge Prënz" Charles.

D'Liese wier eng vun de grousse Passioune vun der Ierfgroussherzogin, schreift den Haff an engem Bäitrag an de soziale Medien. Et ass en Hobby, dat si gäre mat hiren zwee Kanner, dem Prënz Charles an dem Prënz François, deelt.

Fir hire Bäitrag zum Adventskalenner vun der Asbl, an där all Dag en neit Kannerbuch presentéiert gëtt, huet d'Ierfgroussherzogin Stéphanie déi Lëtzebuergesch Versioun vun engem franséische Klassiker erausgesicht - "De klenge Prënz" vum Antoine de Saint-Exupéry. An der Foto, déi den Haff an deem Kader gedeelt huet, gesäit een, datt der Ierfgroussherzogin hire klenge Prënz nawell seng Freed mam Buch huet.