D’Iddi gouf jo wärend der Pandemie gebuer, fir de Leit an den Altersheemer, de Spideeler oder anere soziale Strukturen eng kleng Freed ze maachen. An engems wollt een awer och dem Personal Merci soe fir hiert Engagement.
Well déi Aktioun sou gutt bei de Leit ukomm ass, gouf och dëst Joer nees en Traktertour fir Chrëschtdag organiséiert.
Et hu sech bedeelegt:
Landjugend Süden
Landjugend Cliärref
Landjugend Zenter
Landjugend Uewersauer
Landjugend Maacher
Landjugend Dikkrich
Landjugend Furen
Méi Informatiounen an Updates op der Facebooksäit vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren