Wat kënnt zu Lëtzebuerg iwwer d'Feierdeeg op den Dësch

© pexels.com / Nicole Michalou
Foie Gras, Hunn a Bûche oder awer éischter méi geselleg mat Fondue oder Raclette?
D'Kolleege vun RTL Infos sinn der Fro nogaangen, wat iwwer d'Feierdeeg zu Lëtzebuerg giess gëtt. Dofir hu si bei zou grousse Supermarchéschaînen nogefrot, wéi eng Liewensmëttel a leschter Zäit besonnesch vill verkaf goufen.
Genee Zuelen hu béid Entreprisen zwar net genannt, ma besonnesch vill kaf goufen ënner anerem Rieslingspaschtéit mat Saumon, Foie gras, Austeren a Mieresfriichten. Ausserdeem wieren d'Coquilles Saint Jacques a Filet vun der Lott ganz beléift gewiescht.
Beim Fleesch géife sech dann ëmmer méi Leit fir méi deier Stécker, wéi zum Beispill de japanesche Wagyu-Filet entscheeden. Donieft géifen awer och net traditionell vegetaresch a vegan Platen ëmmer méi verkaf ginn.