Traditionelle Rendez-vous op Chrëschtdag
Den Zürecher Bal an der Luxexpo
Zürecher Bal @Luxexpo (25.12.23)
© Gilles Miny
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Traditionell op Chrëschtdag hunn d'Studente vun Zürech op hire Bal invitéiert.
4.500 Jonker hunn um Chrëschtowend gefeiert. Et war déi 61.Editioun vum "Zürcher Studentebal" an der Luxexpo. Bis déif an d'Nuecht era gouf gedanzt, gesongen. D'Chrëschtvakanz ass fir déi meescht déi éischte Kéier, wou si aus hirer Studentestad zréck op Lëtzebuerg kommen.
Eng Coverband an zwee DJen hu fir gutt Ambiance an der Hal 9 vun der Ausstellungshal um Kierchbierg gesuergt. Dëse Bal, wou vill Wäert op de Vestimentaire geluecht gëtt, kascht den Organisatiounscomité weit iwwer 100.000 Euro. Schonn am Fréijoer gëtt mam Plangen ugefaangen, ier déi waarm Phas am Hierscht ufänkt.
Am meeschte gelies