Reality-Show a Portugal
D'Márcia vu Wuermer ass an der Finall vu Big Brother

Iwwer 100 Deeg ass d'Márcia Soares vu Wuermer elo schonn an der bekannter Emissioun Big Brother a Portugal dobäi.
Zënter deem d'Kandidatin vu Lëtzebuerg dobäi ass, ass si extrem populär ginn an huet et dohier och an d'Finall gepackt. Eleng d'Fan-Page vum Márcia Soares gëtt sengem Brudder no vun iwwer 17.000 Persoune gefollowed.
De Gewënner vun der Editioun vun dësem Joer wäert den 31. Dezember feststoen. Hei wäert d'Márcia sech dann géint nach 4 aner Kandidaten mussen duerchsetzen. De Gewënner kann dann ganzer 100.000 Euro kënne mat heem huelen.
Am meeschte gelies