Wie Bréckendeeg a Feierdeeg clever notzt a Weekender dobäi zielt, dee ka seng Vakanzenzäit däitlech an d'Luucht schrauwen.

Neijoerschdag

E gudde Start an dat neit Joer: Den 1. Januar 2024 fält op e Méindeg. Salariéë kënne sech mat véier Deeg Congé (vum 2. bis de 5. Januar) op am Ganzen néng fräi Deeg vum 30. Dezember u freeën.

Ouschteren
Ouschterméindeg fält op den 1. Abrëll. Och do huet een da mat véier Deeg Congé néng Deeg fräi an dat vum 30. Mäerz bis de 7. Abrëll.

Dag vun der Aarbecht
Am Mee ginn et direkt véier Feierdeeg. Den Ufank mécht den 1. Mee, deen 2024 op e Mëttwoch fält. Wien de Rescht vun der Woch respektiv den Ufank vun der Woch fräi hëlt, deen huet e verlängerte Weekend mat fënnef fräien Deeg. A Kombinatioun mat Christi Himmelfaart si 16 Deeg mat aacht Congésdeeg méiglech.

Christi Himmelfaart
Christi Himmelfaart, 2024 den 9. Mee. Wien nëmme freides de Bréckendag fräihëlt, muss ëmmerhi véier Deeg hannereneen net op d'Aarbecht. Clever mam Dag vun der Aarbecht oder Péngschte kombinéiert, kann hei souguer eng méi laang Vakanz geplangt ginn.

Och soss ass den 9. Mee sympathesch, well deen Dag Christi Himmelfaart an Europadag zesummefalen: Ass gläich een Dag "congé compensatoire".

Péngschten

Och Péngschte gëtt et nees Méiglechkeete fir vill fräi Deeg. Gëtt déi komplett Woch tëscht Christi Himmelfaart a Péngschtméindeg (20. Mee) zousätzlech zum Bréckendag no Christi Himmelfaart fräigeholl, komme Salariéeën op zwielef fräi Deeg a mussen dofir nëmmen d'Hallschent vun den Deeg fräihuelen.

Nationalfeierdag

Deen Dag fält d'nächst Joer net esou gënschteg. Den 23. Juni ass op engem Sonndeg. Och wann een näischt mat Bréckendeeg ka maachen, esou gëtt et awer een Dag "congé compensatoire".

Maria Himmelfaart

Dëse Feierdag fält op en Donneschdeg, de 15. August. Wien déi aner Deeg vun der Woch Congé hëlt, huet nees méi Deeg fräi mam Asaz vu véier Congésdeeg. Mam Asaz vun engem Dag Congé si véier fräi Deeg méiglech.

Allerhellegen
Dat ass den 1. November an dee Feierdag fält op e Freideg. Wien de laange Weekend weider ausdeene wëll, ka véier Congésdeeg areechen an domadder néng Deeg fräimaachen.

Chrëschtdag an Neijoerschdag

D'Chrëschtdeeg sinn 2024 op engem Mëttwoch an engem Donneschdeg. Neijoerschdag fält op e Mëttwoch. Wie siwen Deeg Congé areecht, kann op 16 fräi Deeg vu Chrëschtdag bis de 5. Januar kommen.