Déi dänesch Kinnigin Margrethe II. wëll am Januar 2024 vum Troun oftrieden.

No méi wéi engem hallwe Joerhonnert dankt déi dänesch Kinnigin Margrethe II. of. "De 14. Januar 2024, 52 Joer nodeem ech d'Successioun vu mengem Papp ugetrueden hunn, wäert ech mäin Amt als Kinnigin vun Dänemark néierleeën", sou déi 83 Joer al Monarchin e Sonndeg an hirer Neijoerschusprooch, déi op der Tëlee iwwerdroe gouf. "Ech wäert den Troun mengem Jong, dem Krounprënz Frederik, iwwerloossen."

Nom Doud vun der Queen Elizabeth II. ass d'Margrethe déi lescht Kinnigin, déi an Europa regéiert. Méi wéi 80 Prozent vun den Däne bezeechne sech als Monarchisten. Si waren zu Dausende komm, fir hire 50. Trounjubiläum d'lescht Joer ze feieren. Si ass allgemeng beléift bei den Dänen, an ass bekannt fir hir direkt Aart a Weis, hiert soziaalt Engagement an hir Hobbyen, dorënner d'Molerei.

31 Joer war d'Kinnigin Margrethe al, wéi si de 14. Januar 1972 op den Troun vun der eelster Monarchie an Europa komm ass. Si war deemools scho mam franséische Grof Henri de Laborde de Monpezat bestuet an hat zwee Bouwe mat him - den deemools véier Joer ale Frederik an den dräi Joer ale Joachim. 2018 ass hire Mann, deen un Demenz gelidden huet, am Alter vun 83 Joer gestuerwen.