Reality-Show a Portugal
D'Márcia Soares vu Wuermer kënnt op déi 3. Plaz bei Big Brother

Iwwer 100 Deeg war d'Márcia Soares vu Wuermer an der bekannter Emissioun Big Brother a Portugal dobäi.
E Sonndeg den Owend ass d'Decisioun ëm d'Victoire gefall an do ass d'Lëtzebuergerin um Enn op déi drëtt Plaz komm. D'Victoire ass un de Francisco Monteiro gaangen. Hien krut déi meescht Stëmme vum Public an dierf sech iwwert e Scheck vun 100.000 Euro freeën.
4 Kandidaten waren an d'Finall komm.
Zënter deem d'Kandidatin vu Lëtzebuerg dobäi ass, ass si extrem populär ginn an hat et dohier och an d'Finall gepackt. Eleng d'Fan-Page vum Márcia Soares op Instagram gëtt vun iwwer 24.000 Persoune gefollowed.
Am meeschte gelies