Meedercher kréie méi Täschegeld wéi Jongen

Dat geet op alle Fall aus der däitscher Etüd Kids-Medien-Kompass ervir, déi reegelméisseg gemaach gëtt.
Eigentlech ass d'Zil vun der Etüd Kids-Medien-Kompass, erauszefannen, wéi eng Kanner-Zäitschrëfte gutt lafen, wéi reegelméisseg dës kaf ginn a wou d'Kanner déi Zäitschrëften hierkréien. Eng vun de Froen vun dëse Etüd bezitt sech awer och op d'Täschegeld vun de Kanner.
De Resultater no wier et déi éischte Kéier, dass Meedercher méi Täschegeld kréien wéi Jongen. D'Meedercher géifen nämlech am Duerchschnëtt 17,01 Euro de Mount kréien a Bouwen 16,23 Euro. 45 Prozent vun de Befroten hunn iwwerdeems uginn, guer keen Täschegeld ze kréien. Jeeweils 17 Prozent kréien tëscht 5 an 10 Euro oder tëscht 20 a 40 Euro Täschegeld. Nëmme 4 Prozent vun de Kanner kréie méi wéi 40 Euro.
Wéi vill Täschegeld kréien Är Kanner?