Engagement fir d'GesellschaftGrande-Duchesse Stéphanie op Visitt an der "Maison Sourrire"

RTL Lëtzebuerg
D'Grande-Duchesse Stéphanie huet sech en Donneschdeg d'Aarbecht vun der "Maison Sourrire" ugekuckt an hire virbildlechen Engagement gelueft.
De Familljeminister Max Hahn an d'Grande-Duchesse Stéphanie en Donneschdeg de 16. Abrëll 2026 bei hirer Visitt an der "Maison Sourrire" zu Esch-Uelzecht.
De Familljeminister Max Hahn an d’Grande-Duchesse Stéphanie en Donneschdeg de 16. Abrëll 2026 bei hirer Visitt an der “Maison Sourrire” zu Esch-Uelzecht.
© Maison du Grand-Duc

Bei hirer Visitt an der “Maison Sourrire” zu Esch-Uelzecht huet d’Grande-Duchesse Stéphanie sech mat Beneficiairen, de Mataarbechter an de Fräiwëllegen ënnerhalen. D’Associatioun begleet virun allem Flüchtlingen a Leit, déi a prekäre Situatioune liewen. Si hëllefen de Betraffene “besser integréiert a méi selbststänneg” ze ginn. Dat ënnert anerem mat Sproochecoursen, kreativen a sportleche Workshoppe souwéi psychologescher Betreiung an Aktivitéiten.

D’Grande-Duchesse huet den Engagement vun der Associatioun gelueft, “deen et jidderengem erméiglecht, seng Plaz an der Gesellschaft ze fannen”.

Begleet gouf d’Groussherzogin bei hirer Visitt an der “Maison Sourrire” vum Familljeminister Max Hahn an dem Escher Buergermeeschter Christian Weis.

Back to Top
CIM LOGO