Besonnesch als Matcha Latte ass en an de Caféen an am Alldag ukomm.
Dës Entwécklung ass net zoufälleg. Wéi en Expert aus dem Handel erkläert, hunn international Cafésketten eng entscheedend Roll gespillt, fir Matcha fir eng breet Ëffentlechkeet zougänglech ze maachen:
“It was the coffee shops that started the trend, in a way. I would say in America, it was probably places like Starbucks that introduced it onto their menus by introducing it as a latte”, erkläert eis d’Mei Chan, dat eng japanesch Epicerie zu Lëtzebuerg huet.
De Goût vum traditionelle Matcha – intensiv a liicht batter – gouf duerch Mëllech a séiss Aromaen ugepasst. Doduerch ass de Produit fir vill Konsumente méi attraktiv ginn. Haut gëtt Matcha net nëmme waarm gedronk, mee och als Iced Latte oder an Desserten ugebueden. Nieft dem Trend ginn och gesondheetlech Aspekter dacks ervirgehuewen. Matcha gëtt als eng Zort Wellness-Drink ugesinn, deen ënner anerem Antioxidantien enthält an eng méi gläichméisseg Energie liwwert wéi Kaffi. Gläichzäiteg gëtt et awer grouss Ënnerscheeder bei der Qualitéit.
D’Makiko Gräfin von Oberndorff ass virun iwwer 10 Joer op Lëtzebuerg komm an huet an der Stad d’House of Japan opgemaach. Et ass eng Plaz, wou déi japanesch Kultur am Mëttelpunkt steet an et kritt een och Matcha hei ze kafen, dernieft ginn et hei och Téi-Zeremonien, Amenter wou de Matcha ganz traditionell genotzt gëtt.
“Ceremonial Matcha, this is really, it’s made for tea ceremony, for only just a purely enjoying the Matcha”, sou d’Makiko Gräfin von Oberndorff.
Mat der Popularitéit klammen awer och d’Erausfuerderungen. D’Demande ass weltwäit héich, wat sech och op d’Disponibilitéit auswierkt. D’Makiko schwätzt souguer vu konkrete Problemer an der Versuergung, dofir wier dann och schonn ee Fournisseur ofgesprongen.
“Because matcha is very famous at the moment, I mean everybody likes matcha in the world, but even the shortage affecting in Japan also.”
Trotz dësen Entwécklunge bleift de Matcha-Boom ongebrach, de gréngen Téi huet sech als festen Deel vun der moderner Gedrénkskultur etabléiert.