Wärend de Winterlights verwandelt sech d'Stad Lëtzebuerg an eng Atmosphär aus dausende klenge Luuchten.

Et gi Wantermäert op verschiddene Plaze mat ënnert anerem enger Äispist an engem Animatiounsprogramm fir Kanner. Och dës Editioun vun de Winterlights gouf nees vum 24. November 2023 bis de 7. Januar organiséiert. Et huet een deemno gläich déi lescht Chance, fir dëst Joer nach e Glüwäin drénken ze goen.