Macron motivéiert Fransousen, fir 30 Minutte Sport pro Dag ze maachen

© AFP
"Et ass gutt fir d'Gesondheet", sot de franséische President an engem Video, deen iwwert "X" publizéiert gouf.
Am Video war de Macron onraséiert, hat en Trikot vun der franséischer Sportfederatioun un an stoung mat Boxhändschen iwwert der Schëller virun engem Boxsak.
Dëse Video gouf genau 200 Deeg, éier d'Olympesch Spiller zu Paräis lassginn, ausgestraalt. De Gros vun de Spiller ass jo an der franséischer Haaptstad, ma verschidde Competitioune wéi d'Surfe ginn op anere Plazen ausgedroen, dat ënner anerem zu Marseille oder der franséischer Iwwerséiregioun Tahiti. Fir de Macron ass kloer, datt Sport eng "grouss national Affär" ass.
De Macron huet am Video betount, datt et seng Regierung wier, déi 30 Minutte Sport an der Grondschoul agefouert hätt, och wann dat an der Praxis nach ëmmer net ëmmer ëmgesat gëtt.
Weider huet de franséische President annoncéiert, datt dës Olympesch Spiller déi "mam geréngsten CO2-Ausstouss" wäerte ginn. Weider wäerte bei dëser Editioun genau esou vill Sportlerinne wéi Sportler dobäi sinn. Och wann et nach 200 Deeg bis zum Ufank vun de Spiller sinn, "fänkt et awer haut schonn un", esou de Macron.