Déi meescht kennen et nëmmen ze gutt. Et bestellt ee Kleeder Online, a knapps doheem ukomm mierkt een: dat do passt net.

Normalerweis steet dann de Besuch bei der Post un, fir d'Retour zeréckzeschécken. A Frankräich wëll een elo awer elo een neie Wee goen.

Online-Shopper, déi Zäit wëlle spueren, solle geschwënn d'Méiglechkeet kréien, hir Akeef nach an der Post selwer unzeprobéieren. Wann eppes net passt oder net gefält, kann een de dann op der Plaz direkt nees zeréckginn.

Wou besser, dës nei Iddi ze testen, wéi zu Paräis, der Welt-Haaptstad vun der Moud? An enger Post ass do elo ee Prototyp installéiert ginn. D'Kabinn huet déi klassesch Form a Faarf vun enger franséischer Bréifboîte an ass mat engem Stull, engem Spigel an engem klenge Regal ekipéiert.

Déi franséisch Post huet d'Iddi entwéckelt, nodeems ëmmer méi dacks opgefall ass, datt Clientë Päckelcher siche koumen, just fir se kuerz Zäit drop nees zeréckzebréngen. Wärend den traditionelle Bréifverkéier bei der Post zanter Joren ofhëlt, klëmmt d'Geschäft mat de Päckelcher. Mat der Initiative wëll een "d'Liewe vun eise Clienten" méi einfach maachen, heescht et vum Betrib.