Den Elvis lieft, dat op d'mannst emol an den Häerzer vu ville Fans an déi dierften elo ënnerwee sinn op den Elvis-Festival am australesche Parkes.

En Donneschdeg waren deemno elauter Elvissen op der Gare zu Sydney. Do hu sech nämlech honnerten Elvis-Imitateure versammelt, fir mam "Blue Suede Express", engem blo-sëlweregen Zuch, op Parkes ze fueren. Am klenge ländlechen Uert, 350 Kilometer vun der Metropol ewech, treffe sech all Joer bis zu 25.000 Fans um Elvis-Festival.

Dat muss schonn zimmlech impressionnant gewiescht si mat "Glitter" a "Glamour" op all Eck.

Den éischten Elvis-Festival am australesche Parkes gouf 1993 organiséiert vun de lokale Restaurantsbesëtzer Bob an Anne Steel. Haut bezeechent sech déi kleng Stad mat ronn 10.000 Awunner ganz houfreg als "Elvis-Haapstad vun Australien".

Beim fënnefte Festival stinn dëst Joer nieft der Musek vum legendäre King of Rock Concoursen ëm de richtegen Elvis-Look um Programm, et gi literaresch Éierunge souwéi Konschtausstellungen.