Hie war deen ëmschwäermste Jonggesell an Asien, lo gëtt de Prënz Abdul Mateen aus dem klengen, awer extrem räiche Sultanat Brunei bestuet.

Am Ganze soll 10 Deeg laang gefeiert ginn. Eng Hochzäit wéi am Märchen, e richtegt Schauspill a Spektakel, esou beschreiwen et d'Awunner vu Brunei. De Sultanat zielt ëmmerhi 450.000 Awunner.

Optakt vun den Hochzäitsfeierlechkeete war en Donneschdeg ënnert der gëllener Kuppel vun enger Moschee an der Haaptstad Bandar Seri Begawan, do gouf et eng islamesch Hochzäitszeremonie fir den 32 Joer ale Prënz a seng dräi Joer méi jonk Braut Yang Mulia Anisha Rosnah.

Den Héichpunkt vun de Feierlechkeete soll e Sonndeg sinn. Do erwaart déi vill Spectateuren eng Pressessioun an et ass en extravagant Fest am Palais. Ënnert de ville Gäscht ginn ënner anerem vill international Membere vum Héichadel souwéi Politiker erwaart.

De Prënz Abdul Mateen ass dat zéngt Kand vum 77 Joer ale Sultan Hassanal Bolkiah, dem déngschteelste Monarch op der Welt. Hie war fréier dee räichste Mënsch op der Welt, ier e vun den Tech-Milliardären aus den USA iwwertrompt gouf. D'Braut vum räiche Prënz ass eng Biergerlech an d'Enkelin vun engem vun de wichtegste Beroder vum Sultan. Aarm schéngt si och net ze sinn, Berichter no soll déi 29 Joer al Entreprenerin en eegene Moudelabel hunn an ass un enger Tourismusfirma bedeelegt.
 
Brunei ass eng Monarchie am Norde vun der südostasiatescher Insel Borneo. Fréier war de klenge Staat vu Buddhismus an Hinduismus beaflosst, am 14. Joerhonnert ass de Palais zum Islam konvertéiert. 1984 ass Brunei, bis dohin ënner britteschem Protektorat, onofhängeg ginn an zanter 2019 gëllt e Strofrecht, deen op de Gesetzer vun der islamescher Scharia berout.