Et ass eng Première fir Lëtzebuerg. E Sonndeg kënnt den éischten Episod vun Take Off - déi nei Science Challenge Show.

Hei mussen 12 Jonker kniwweleg wëssenschaftlech Challengë léisen. An op de Gewënner waart e Präisgeld vun 10.000 Euro. Déi éischt zwou Episode konnt ee schonn exklusiv en Donneschdeg den Owend am Kinepolis kucken.

Iwwer 150 Jonker hate sech fir de Pre-Casting gemellt. Déi 26 bescht hunn et an déi éischt Show gepackt. Do geet et dorëms, wie vun hinnen eng vun den 12 Plazen an der Show kritt. Just déi 12 kënnen déi 10.000 Euro gewannen. A si musse sech duerfir an dräi Challengë beweisen.

Et ginn am ganzen 13 Episoden. Vum zweeten Episod u muss dann all Woch een d'Science Challenge Show verloossen. D’Final ass den 28.4. ëmmer Sonndes um 19 Auer. Op RTL, RTL Play an takeoffshow.lu.

An och wann et elo eng nei Science-Show gëtt, heescht dat net, dass et mam Pisa Schluss ass. No der Take-Off-Final am Abrëll geet et mam Pisa weider.