D'Schlammwiss - en Noerhuelungsgebitt fir Grouss a Kleng
Summer wéi Wanter kann ee flott duerch d'Naturschutzgebitt wanderen. Eng ganz Partie verschidden Déieren hale sech hei am Schilfgebitt op.
Sief et well si d'ganzt Joer iwwer hei liewen oder well si hei iwwerwanteren. Dëst gelt virun allem fir d'Villercher. Hei an der Schlammwiss gëtt et och eng Beréngungsstatioun vu "natur & ëmwelt". Virun allem eng Rëtsch Vulle benotzen op hirem Zuch duerch Europa d'Schlammwiss, fir ze raschten an hir Fettreserven opzefëllen.
D'Schlammwiss ass eng Natura 2000-Zon. Si ass och zanter 2018 en Deel vum Naturschutzgebitt Schlammwiss-Brill.
Zanter Abrëll 2021 gi Waasserbüffelen am Schlammwiss-Brill gehalen, fir déi naass Wiseflächen oppen ze halen.
Um Internetsite fënnt een nach allerlee Informatiounen.