Genee ee Joer ass et e Freideg hier, dat d'Duechter vum King of Rock'n'Roll am Alter vu 54 Joer gestuerwen ass.

Elo steet fest, datt der Lisa Marie Presley hir Autobiographie posthum soll verëffentlecht ginn. Der verstuerwener Schauspillerin hir Duechter, d'Schauspillerin Riley Keough, huet en Donneschdeg op Instagram matgedeelt, datt d'Buch vun hirer Mamm de 15. Oktober soll publizéiert ginn.

Wéi et op der Websäit vum nach net publizéierte Buch steet, hätt d'Lisa Marie Presley iwwert Joren Audioopname vu sech gemaach, an deene si fir hir Memoiren iwwert hiert Liewe geschwat huet. Hir Duechter Riley Keough, déi aus Filmer wéi "Mad Max: Fury Road" bekannt ass, hätt dës Erënnerungen elo niddergeschriwwen.

Déi eenzeg Duechter vum Elvis Presley an dem Priscilla Presley, déi och kuerz Zäit mam King of Pop Michael Jackson liéiert war, war den 12. Januar 2023 am Alter vun 53 Joer an hirem Doheem am kalifornesche Calabasas gestuerwen. Een Obduktiounsbericht hat am Juli 2023 erginn, datt si un de Spéitfolge vun enger Operatioun fir eng Gewiichtsreduktioun verscheet ass.