Margrethe II. dankt no 52 Joer of, hire Jong Frederik gëtt neie Kinnek
2 Wochen no hirer iwwerraschender Annonce wëllen zréckzetrieden, huet d'laangjäreg Kinnigin e Sonndeg am Alter vun 83 Joer offiziell ofgedankt.
Si mécht domat Plaz fir de 55 Joer ale Krounprënz Frederik. Hien ass also elo Kinnek, dat mam vollen Titel "Frederik den 10." oder "Frederik X".
Seng Fra Mary, déi aus Australien kënnt, gëtt domat Kinnigin an den eelste Fils vun der Koppel, de Prënz Christian, gëtt Krounprënz.
Et ass fir d'éischt zanter bal 900 Joer, dass an Dänemark eng Staatscheffin fräiwëlleg op den Troun verzicht, soss danken d'Kinniginnen a Kinneken do eigentlech net virun hirem Doud of.
D'Kinnigin Margrethe hat bei hirer Neijoerschusprooch iwwerraschend matgedeelt, datt si um Sonndeg no genee 52 Joer hiert Mandat géing un hire Fils weiderginn. Nom Doud vun der brittescher Kinnigin Elizabeth II. war si déi déngschteelste Monarchin op der Welt.
Den Trounwiessel war e Sonndeg de Mëtten um Schlass Christiansborg, um 14 Auer huet d'Kinnigin do Rendezvous mat der Regierung gehat, fir hir Ofdankungserklärung z'ënnerschreiwen.
Um 15 Auer dunn huet d'Ministerpresidentin Mette Frederiksen de Frederik X vum Balkon vum Regierungs- a Parlamentssëtz aus, dem Schlass Christiansborg, als neie Kinnek ausgeruff. Iwwer 100.000 Mënsche waren zu Kopenhagen bei dësem fir Dänemark historeschen Dag present.