D'franséisch Schampes-Hiersteller hunn no engem "normale Joer" 2023 op Qualitéit amplaz op Quantitéit gesat.

Schampes gëtt op engem begrenzte Gebitt no strenge Reegelen ugebaut, dat géif kee stännege Wuesstem erlaben, sou den David Châtillon, President vum Verband vun de  Schampes-Produzenten. 2023 wieren deemno 299 Millioune Fläsche verkaaft ginn, dat sinn ongeféier 8% manner wéi d'Joer virdrun. Dobäi louch den Ëmsaz awer weiderhi bei iwwer sechs Milliarden Euro.

Den Export mécht den Ament 57% vun der Vente aus, virun 10 Joer waren et nëmme 45%. De Bannemaart géif staark ënnert der Inflatioun wéi um Export leiden, betount de Verband. D'Strategie besteet lo doran, manner, awer dofir deiere Schampes ze verkafen. Wéinst der Corona-Pandemie war d'Vente 2020 op 245 Millioune Fläschen zeréckgaangen. An de Joren dono waren 320 an 326 Millioune Fläsche Schampes verkaaft ginn.