Am Live! Planet People goung et e Freidegowend ëm Automobilsport, Steampunk, Imitateuren an Afen.

De Christian Mais feiert nächste Samschdeg der "Table ronde" hier 60 Joer am Cercle. Zu Lëtzebuerg gëtt et 7 lokal Veräiner vun dësem Serviceclub wou nëmme Männer tëscht 18 a 40 Joer Member dierfe sinn. Zu den Haaptaktivitéiten déi all Joer gemaach ginn zielt d'Duckrace an der Péitruss, wou Dausenden giel Intercher fir de gudden Zweck an d'Waasser gesat ginn. Hei am Land gëtt et ronn 160 Memberen awer d''Round Table" existéiert a 65 Länner an huet aktuell eng 30.000 Aktiver weltwäit. www.trl.lu

RTL

De River' ass en internationale Meeschter am Beatbox a kënnt nächste Freideg um 18h30 an de CAPE. Den Enzo Fumex, wéi en richteg heescht, huet eng kolumbianesch Mamm an e Papp deen aus Frankräich kënnt. Mat 12 Joer ass hien musikalesch eng éischte Kéier opgefall an zanterhier steet hien reegelméisseg bei Concoursen am Ausland op der Bün. Zu sengem Palmarès zielt eng éischt Plaz bei der 'Florida Beatbox Battle 2019'. 2018 war hien franséischen Champion am Beatbox an d'lescht Joer Gewënner vum 'Grand Beatbox Battle'. www.cape.lu

RTL

De Martin Elmquist dirigéiert muer de Neijoerschconcert vun 'Luxembourg Philharmonia' am Conservatoire. 45 Joer ginn et dëst Joer, dass dësen symphoneschen Orchester an d'Liewen geruff gouf, an den däneschen Chefdirigent leet zanter 1996 d'Geschécker vun dësem Ensembel dee sech aus pensionéierten Profimuseker an ambitionéierten Hobbymuseker zesummesetzt. Am Repertoire fënnt een vu Beethoven iwwer Schostakowitsch bis bei Oper- an Operettemelodien. Um Programm muer Stécker vu Wagner, Rota a Khachaturian.  www.philharmonia.lu

RTL

D'Laura Beneduci huet 6 Méint als Volontaire an engem Déierenasyl a Griicheland geschafft. Zu Kavala gouf et 200 Honn ëm déi d'Laura sech gekëmmert huet. Et gouf vill schéin Momenter awer och där méi traureger, virun allem bei de méi klengen Muppen, déi verschidden Krankheeten opgeraf hunn oder vun enger Schlaang gebass goufen. Info op Facebook bei 'Pfötchenhilfe Smaragda' a wann der och als Volontaire am Ausland schaffe wëllt, mellt Iech op jugendinfo.lu beim Eurodesk.

RTL