Fir vill Leit gehéiert et einfach dozou, am Wanter an de Bierger Vakanz ze maachen an do dierf Ski- oder Snowboardfueren natierlech net feelen.

Leider huet een heiheem net d‘Méiglechkeet dozou an dofir hunn déi Meescht just eng Woch am Joer, wou si dovunner kënne profitéieren. An dann awer och esou richteg. Am beschten moiesfréi schonn op d‘Piste a bis d‘Sonn ënnergeet nees erof. Ma fir dass ee sech do och net blesséiert oder sech iwwerustrengt, ass et gutt, sech am Virfeld scho physesch dorobber ze preparéieren. An dat souguer wann een eigentlech vill Sport mécht. Well dacks gëtt do awer net genuch déi Muskulatur am meeschten trainéiert, déi wichteg ass beim Wantersport. Virun allem d‘Been- mee och Bauch- an d‘Réckemuskulatur mussen gestäerkt ginn virdrun an dat am beschten schonn 6-8 Wochen am Viraus 2-3 mol d‘Woch. All d‘Übungen, déi dir sou maachen kënnt, fannt Dir och op chl.lu .