Ass Laachen ustiechend? Wat mécht Laache mat eisem Kapp? A wéi erkennt een e falscht Laachen? Op déi Froen hu mir eng Äntwert gesicht.

Laachen ass fir déi meeschte Leit mat positive Gefiller verbonnen. Ob schéi Momenter an der Famill oder mat Frënn, oder einfach wéinst witzege Videoen am Internet - Laache gëtt engem e gutt Gefill. Mä wisou ass dat esou?

Wat mécht Laachen an eisem Kapp?

Laache gëtt vu Wëssenschaftler scho joerzéngtelaang erfuerscht an huet souguer seng eege Fachrichtung, wann een dat esou nenne kann. Gelotologie ass d'Wëssenschaft vum Laachen. Beim Laache ginn am Gehier Gléckshormoner ausgeschott, dës heeschen Endorphine. Dobäi geet och den Niveau vum Cortisol, Adrenalin an Dopac erof. Dës si Stresshormoner. Wärend ze vill Cortisol een op laang Dauer bäihuele loosse kann, kann duerch Laachen d'Verdauung ugereegt ginn. "Lachen ist die beste Medizin." Dëst Däitsch Spréchwuert ass also mol guer net esou falsch, wéi Fuerscher ëmmer rëm confirméieren. Laachen trainéiert nämlech d'Muskulatioun. Am Kierper gi ronn 300 Muskelen ugestrengt wa mir laachen. Donieft ass et och nach gutt fir eist Immunsystem. An enger Partie Etüden huet een erausfonnt, dass duerch d'Laachen d'Unzuel vun den Immunzellen an d'Luucht geet, déi infizéiert Zellen erkennen a bekämpfe kennen.

Et huet nach weider positiv Effekter op de Kierper, wann ee vill laacht.

  • Leit, déi vill laachen, hu 50 Prozent manner Risk op en Häerzinfarkt
  • D'Bluttgefäässer gi méi breet an de Bluttdrock geet erof
  • Laachen trainéiert d'Funktioun vun de Longen

Ass Laachen ustiechend?

Jo, Laachen ass tatsächlech ustiechend. Och dëst ass wëssenschaftlech erfuerscht a beluecht. Scho wa mir een anere laachen héieren, bereet d'Gehier d'Muskelen am Gesiicht drop vir, matzelaachen.

Dat huet mat de Spigelneuronen am Gehier ze dinn. Dës Nervenzelle befanne sech am prämotoreschem Cortex, engem Deel vum Gehier. Wa mir ee laachen héieren oder gesinn, da ginn dës Spigelneuronen aktivéiert. Et geet also duer een ze gesinn, dee laacht, a scho bereet d'Gehier sech drop vir, Freed ze empfannen a matzelaachen. An domat ass Laachen, och wëssenschaftlech gesinn, ustiechend.

Dëst Phänomen funktionéiert awer genee esou mat negative Gefiller. Dofir ginn et Leit, déi ufänke mat kräischen oder traureg ginn, wann si aner Leit kräische gesinn. Fuerscher hunn awer festgestallt, dass d'Spigelneurone méi staark op positiv Emotioune reagéieren, wéi op negativ Emotioun, esou dass laache méi ustiechend ass wéi kräischen.

Falsch a richteg ënnerscheeden - Wéini ass e Laache gefaked?

Wann een aus voller Broscht haart laacht, ass relativ gutt ze erkennen, ob dës Persoun grad éierlech laacht. Gëtt ee beim laanschtgoen awer einfach mol ugelaacht respektiv ugegrinst, ass dat net fir jiddereen direkt kloer, wéi éierlech de Géigeniwwer dat mengt. Do ginn et awer ganz einfach Tricks e falscht Laachen ze entlarven.

Passt op d'Aen op
D'Ae verrode séier, ob ee Laache richteg oder falsch ass. Bei richteger Freed geet d'Haut iwwert dem An erof an d'Ae ginn, esou gesinn, méi kleng. Och déi sougenannte Laachfalen, also d'Falen nieft dem A, sollen en Indice sinn, ob e Laachen éierlech gemengt ass oder net. Mee opgepasst, wann een d'Mondwénkele richteg héich zitt, da kënnen déi Lachfalten ze gesi sinn, obwuel d'Laachen net éierlech ass.

RTL

Wéini a wéi laang laacht een?
Wat ee méi laang laacht, wat d'Laache méi éierlech ass? Dat stëmmt esou net. Der Wëssenschaft no ass d'Freed éierlech, wa se maximal 4 Sekonnen am Gesiicht ze gesinn ass. Mee och wéini een ufänkt mat laachen, respektiv grinsen, kann ee verroden. Laacht ee wärend deen anere schwätzt, ass d'Chance méi grouss, dass d'Freed eescht gemengt ass, well et spontan asetzt. Kënnt d'Laachen oder d'Grinse réischt nodeems den anere fäerdeg mat schwätzen ass, ass et gutt méiglech, dass d'Freed just gespillt ass.

Ma och wann et am Alldag natierlech méi flott ass, vum Géigeniwwer en éierlecht Laachen ze kréien, sou huet och en opgesate Laache seng Virdeeler. Sou hu Wëssenschaftler erausfonnt, dass ee mat engem falsche Laache säi Gehier austrickse kann. Et mécht ee sengem Kapp esoulaang eppes vir, bis d'Emotiounen tatsächlech reell ginn. Sou kann ee sech einfach selwer am Spigel ugrinsen oder richteg falsch an haart laachen, bis een tatsächlech richteg dowéinst laache muss.

Weltwäit ginn et scho Leit, déi domat Sue verdéngen. Zum Beispill gëtt et mëttlerweil "Lach-Yoga" a souguer "Lach-Trainer". Esou och eng däitsch Damm, déi op Tiktok mat hire Videoen a Laach-Übunge fir gutt Stëmmung suergt.