De Bam mam laténgeschen Numm "Sorbus aria" géif dacks vergiess ginn an dat, obwuel en an eisem Ekosystem eng wichteg Roll spillt.

Natur&Ëmwelt huet säi Bam vum Joer 2024 gewielt: et ass den Ielenter. Mat senge wäisse Bléien am Fréijoer, de sëlwerege Blieder am Summer an de roude Bieren am Wanter mécht den Ielenter dat ganz Joer eng gutt Figur.

Dës Eegenschafte maachen den Ielenter och eng beléift Wiel bei Gäertner. An de kale Wanterméint, an deenen d'Vigel an eise Breedegraden net vill anert frëscht Fudder fannen, sinn dem Ielenter seng kleng rout Biere besonnesch wichteg.

Fréier gouf d'Holz vum fleegeliichte Bam dacks an der Hierstellung vun Handwierksproduiten genotzt, ma de Bam gouf och fir seng medezinesch Eegenschafte geschat.