Déi meescht Leit hunn d'Warnschëlder scho laanscht d'Stroosse stoe gesinn.

Mat faarwege Lampione geet et an der Grupp duerch d'Däischtert. D'Kanner bleiwe bei all Dier stoen an hoffen op Séissegkeeten, Uebst oder och emol e puer Mënz. Wien hinnen d'Dier opmécht, kritt ee Ständche gesongen.

Am traditionelle Liichtmëssdagslidd "Léiwer Herrgottsblieschen" gëtt den hellege Blasius besongen, deen am 4. Joerhonnert ee Kand gerett soll hunn, dat bal un enger Fëschsprenz erstéckt ass. Säi Gedenkdag ass den 3. Februar, den Dag no Mariä Lichtmess.

Mariä Liichtmess um 2. Februar ass en traditionell kierchleche Feierdag, dee 40 Deeg no Chrëschtdag begaange gëtt a mat deem dës Zäit fréier offiziell op en Enn goung. Am neien Testament ass et den Dag, an deem d'Maria de klenge Jesus déi éischte Kéier mat an den Tempel geholl huet. Nach haut ginn op dësem Dag Käerzen an de Kierche geweit.

Trafic-Info

Weider Hannergrënn vu Liichtmëssdag fannt Dir hei erkläert vum Alain Atten:

28/01/2024 Sprochmaates Alain Atten (Liichtmëssdag)