Domadder ass Si déi drëtte Persoun bannent net emol engem Joer, déi an der Maison de soins hiren 100. Gebuertsdag feiert.

Gebuer gouf Marie-Charlotte Hanck-Hary den 23. Januar 1924, hire Papp war Forain, hir Mamm huet Spillsaache verkaaft. Gewunnt huet si hiert ganzt Liewen zu Capellen.

D'Marie-Charlotte Hanck-Hary ass domadder Member vun engem relativ exklusive Club, an zwar deem vun den Honnertjäregen zu Lëtzebuerg. 2021 louch een hei bei grad emol 91 Persounen vu 644.000 am Ganzen, déi 100 Joer oder méi al waren. Dat maache ronn 0,14 Leit op 1.000 Persounen aus.