Gesond Ernärung a kierperlech Beweegung sinn en Deel vun engem gesonde Liewensstil. Nieft engem gesonde Kierper kritt een domat awer och e gesonde Kapp.

Psychesch Erkrankunge sinn eng Realitéit an dat och zu Lëtzebuerg. Der Weltgesondheetsorganisatioun no hu ronn eng Milliard Mënsche weltwäit am Laf vun hirem Liewen eng psychesch Stéierung. Méi wéi 300 Millioune Leit hunn eng Angschtstéierung. Dobäi kommen nach 280 Millioune Leit mat Depressiounen. Léist ee sech behandelen, dann ass dëst dacks eng Mëschung aus Psychotherapie a Medikamenter, deemno wéi uerg déi psychesch Erkrankung ass.

Ass een dann net grad a stationärer Behandlung an enger gudder Klinik, gëtt beim Kampf géint déi psychesch Problemer dacks eppes vergiess: De Sport an eng gesond Ernärung. Natierlech ass dat eppes, wat ee quasi vun all Dokter gerode kritt: Vill Beweegung a gesond Iessen. Ma tatsächlech ass dëst net nëmme fir de mënschleche Kierper gutt, mee och fir eise Kapp. Eng ganz Partie Etüde si mëttlerweil souguer der Meenung, dass Sport méi hëllefräich ass, wéi d'Anhuele vu Medikamenter.

Virun Ängschten an Depressioune fortlafen?

Jiddereen, dee scho mol mat mentale Problemer ze kämpfen hat, weess, dass e vu sengem eegene Kapp net fortlafe kann. Lafen, wéi och all anere Sport, kann dës Stéierungen am Kapp awer immens gutt bekämpfen. Där Meenung ass och de Professer Dokter Fraser Carson, Spezialist fir Sport a Beweegungswëssenschaften op der Lunex Universitéit.

"Beim Sport ginn Endorphine fräigesat, déi d'Stëmmung hiewen. Dat ass och als "Runner's High" bekannt. Aner Theorië bezéie sech op eng méi héich Kierpertemperatur oder d'Duerchbluddung vum Gehier, déi Spannungen an Ängschten ofbaut."

Mee och Verännerungen am endokrinne System an der Ausschëddung vun Hormoner, déi fir e gutt Gefill suergen, sinn Explikatiounen, wisou Sport fir eng stabil oder besser Mental Gesondheet suergt. Bei kierperlecher Aktivitéit gëtt zum Beispill och Dopamin, Noradrenalin a Serotonin fräigesat. Neurotransmitter, déi bei eis positiv Gefiller ausléisen.

RTL

Experte recommandéiere ronn 150 Minutte kierperlech Aktivitéit pro Woch. Dobäi kann ee grad esou gutt e puer Mol den Dag 10 Minutten trëppele goen, wéi och eemol den Dag e Workout vun 30 bis 40 Minutte maachen.

Méi Resilienz duerch e gesonden Daarm

Net nëmmen de Sport huet eng ganz Partie positiv Effekter op de Kierper an de Kapp. Och d'Ernärung kann déi mental Gesondheet positiv beaflossen. Wat zum Beispill net jidderengem bewosst ass, ass wéi grouss den Afloss vum Daarm op déi mental Gesondheet ass. De Prof. Dr. Mohannad Kafri ass Expert fir Ernärung, Fitness a Gesondheet a schafft och op der Lunex Universitéit.

"Am Déckdaarm liewe Bakterien, déi mir mat planzleche Ballaststoffer a Liewensmëttel wéi Jughurt fiddere mussen. Dës Bakterië sinn nämlech net ouni Grond do. Wann een ufänkt vill ongesond ze iessen, gëtt d'Populatioun vun de gudde Bakterië méi kleng an et mécht ee Plaz fir pathogene Bakterien (schlecht Bakterien)", erkläert de Wëssenschaftler.

An dat ass problematesch, well d'Gléckshormon Serotonin zwar an engem Deel vum Gehier produzéiert, zu 90 Prozent awer am Daarm gespäichert gëtt. Eng schlecht Daarmflora kann also e Mangel u Serotonin matsechbréngen a mécht ee manner resistent géint depressiv Verstëmmungen a psychesch Erkrankungen.

RTL

"Iessen ass awer net wéi eng Drog. Et funktionéiert net sou, dass een eng Kéier gesond ësst a sech da super fillt", sou de Mohannad Kafri. Ernärung a Sport wieren eppes, wat ee kontinuéierlech duerchzéie misst, fir positiv Effekter ze spieren an ze gesinn.

Et géif sech awer loune, fënnt den Expert fir Ernärung a Sport. "Wanns du elo keng Zäit hues fir deng Gesondheet, wäert d'Krankheet méi spéit Zäit fir dech hunn."

Mee ka Sport a gesond Ernärung Medikamenter an Therapie ersetzen?

"Natierlech ass et d'Aufgab vum Dokter, ze entscheeden, ob Medikamenter noutwenneg sinn oder net. Awer d'Ernärung ass am generellen immens wichteg", fënnt de Prof. Dr. Mohannad Kafri. Bei psycheschen Erkrankunge wier et ëmmer wichteg erauszefannen, wou et hierkënnt. Dat ka genau sou gutt en Trauma aus der Kandheet si wéi och eng Ernärung, déi e Mangel u Vitaminnen a Mineralien oder en desequilibréierten Daarm provozéiert.

De Prof. Dr. Frasor Carson ass do souguer nach méi iwwerzeegt. "Et kéint ee souguer behaapten, dass Sport méi wierksam ass wéi Medikamenter, virun allem wann een déi wäitreechend Follge vu verschreiwungsflichtege Medikamenter bedenkt."

Zënter méi wéi 30 Joer géifen et Etüde ginn, déi weisen, dass Sport net nëmme preventiv hëlleft, méi resistent géigeniwwer Depressiounen ze sinn. Mee och bei der Behandlung vun enger psychescher Erkrankung ass Sport eng sënnvoll Method.

Dës Weidere wier Sport finanziell gesi méi bëlleg an huet weider positiv Aspekter, wéi e verbessert Selbstwäertgefill. Am Kampf géint psychesch Erkrankunge ginn 3 bis 4 mol d'Woch 30 bis 40 Minutten Ausdauersport recommandéiert. "Déi grouss Erausfuerderung besteet éischter dora Mënsche mat psycheschen Erkrankungen zu Sport ze beweegen. Do spille multidisziplinär Ekippen eventuell eng wichteg Roll."