Eegent Gedrénks matbréngen, net bezuelen, Picknick matbréngen... alles dat si Situatiounen, déi alt a Restaurante virkommen.

Et gëtt kee Gesetz, wat de Restaurateur forcéiert engem Waasser einfach esou ze ginn, mee dierf ech mäi Gedrénks mat an de Restaurant huelen?

Dierf ech ee Plat fir zwee bestellen an dann deelen? Wat ass, wann et engem net schmaacht an et geet een dann ouni ze bezuelen oder et hëlt ee säi Picknick mat?

Froen iwwer Froen!

Wat dierf een am Restaurant a wat net a wéini dierf de Restaurateur een ukloen? Mir hunn eng Äntwert op all dës Situatioune fonnt, déi am heefegste virkommen. Wéi reagéieren d'Restaurateuren op esou Situatiounen a wat seet eis den Affekot?  Wéini ass et strofbar?