Am Live! Planet People schwätze mer iwwer Cocktailen, e Schoulausfluch a Lapland an iwwert d'Band "Schëppe Siwen".

D'Françoise Reuter huet d'Coronazäit genotzt, fir Cocktailen auszeprobéieren an als Buch erauszebréngen. 48 original an adaptéiert Cocktailen huet d'Directrice Générale vun der Concept Factory zesumme mam Daniel Eischen gemixt. Den Auteur, Museker, Coach an Entrepreneur reest vill, bedéngt duerch den Job an huet d'Françoise derzou bruecht, hiert éischt eegent Buch erauszebréngen mat de Rezepter, uspriechende Fotoen an opgelockert vun Anekdoten, déi passen.

RTL

De Raphael Fiegen ass bekannt als Aventurier, an hat elo eng Schoulklass mat a Lapland. 10 Deeg war hie mat Schüler aus dem Lycée vu Réiden a finnesch Lapland, wou si 3 Deeg eng Mini-Expeditioun mat Schlittenhënn gemaach hunn. Zesummen hu se d'Sami-Kultur kennegeléiert a Fuerschungen am Permafrost gemaach. Besonnesch an Erënnerung bleiwe wäerten awer och Momenter, wou se geléiert hu Feier ze maachen oder hir eege Fësch am Schnéi ze fänken. www.raphaelfiegen.lu.

RTL

Den Jojo Wagner ass Kapp, Sänger a Violonist bei Schëppe Siwen, déi beim 'Luxembourg Song Contest' iwwerrascht hunn. Hir Wuerzele ginn awer och op 2010 zréck, wou si den éischte Concert ginn hunn. 2014 hu se den offizielle Song fir d'Äishockey-WM zu Lëtzebuerg bäigesteiert. Hiren 3ten Album hu se 2019 erausbruecht an am Melu op engem Folkpunk Festival presentéiert, op deem aus verschiddene Nopeschlänner eng Band invitéiert gi war. Den 1. Mäerz kann ee Schëppen Siwen um 'Sing my song' Concertsowend mat der Hunneg-Strëpp an der Kulturfabrik erliewen. www.scheppesiwen.com.

RTL