Eng Italieenerin mat enger grousser Léift fir Lëtzebuerg
Am rouege Quartier Monteverde Vecchio zu Roum - bekannt fir seng charmant Villaen - wunnt d'Monica Ribustini, eng Italo-Lëtzebuergerin.
Si ass zwar an der italieenescher Haaptstad op d'Welt komm, ma hiert Häerz schléit och fir de Grand-Duché. Hir Groussmamm kënnt vun Diddeleng an huet hir dës staark Verbonnenheet zu Lëtzebuerg matginn. Haut huet d'Monica Ribustini déi Lëtzebuerger Nationalitéit, genee sou wéi déi 277 Lëtzebuerger Expats an Italien, déi sech beim Konsulat ugemellt hunn.
Nodeems si fir e Reseau vun europäeschen ONGe geschafft huet, véier Joer zu Bréissel gelieft huet an du 16 Joer laang fir d'Vereenten Natiounen zu Roum geschafft huet, huet d'Monica Ribustini hiert Liewen op d'Kopp geheit, fir sech hirer Passioun ze widmen: der Gastronomie.
D'Leidenschaft fir Kichen a Patisserie deelt si och mat anere Leit an hirer Roll als gastronomesche Guide zu Roum. Déi touristesch Gruppen – bei deenen och heiansdo Lëtzebuerger dobäi sinn – kréien ënnert anerem ee vun deene gréisste Liewensmëttel-Mäert vu Roum ze gesinn, an hir Kichen. Do dierfe mir dem Monica Ribustini iwwer d'Schëller kucken, wéi si eng Carbonara fir hir Invitée preparéiert. D’Ambassadrice vu Lëtzebuerg kënnt nämlech bei si iessen. Déi zwou Frae kenne sech gutt. D'Michèle Pranchère-Tomassini betount, wéi wichteg d'Kichen an Italien ass.
"En Ambassadeur gëtt jugéiert wéi säi Kach ass, wat en opdréit. Dat muss net protzeg sinn, mee et muss klappen. Et muss ee wëssen, wéi een eng Tomatenzooss mécht, wéi een eng Carbonara mécht – dass een do zum Beispill keng Ram dierf dra maachen! Wann ech hinne weisen, dass ech verstanen hunn, wéi et funktionéiert, da respektéiere se eis.”
Nom Iessen erzielt d'Monica Ribustini hirer Invitée d'Geschicht vun hirer lëtzebuergescher Groussmamm Anne a weist al Familljefotoen, déi zum Deel aus Lëtzebuerg kommen. D'Anne hat een eenzege Fils: dem Monica hire Papp. Wéi a ville Famille mat Nokomme vu Lëtzebuerger gëtt och am Monica hirer Famill d'Verbonnenheet mam Grand-Duché vu Generatioun zu Generatioun weider ginn. 2010 hunn d'Monica Ribustini, hir zwee Kanner, an dem Monica hire Papp déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl, déi hir Groussmamm verluer hat.
"Elle a souffert beaucoup pour l'avoir perdu à cause du mariage", erzielt d’Monica, "parce que dans les années 20, si tu allais te marier avec quelqu'un qui est italien, tu perdais ta nationalité d'origine. Elle n'a jamais recouvré sa nationalité d'origine. Ce qu'on a fait en 2010, quand le gouvernement luxembourgeois nous a permit de faire ça, de faire un recouvrement de nationalité. Ça fait partie de l'identité familiale, pour moi c'est vraiment très important."
Och hir Kanner, d'Benedetta an den Teo, sinn houfreg Lëtzebuerger ze sinn. Den Teo wéilt souguer gär eng Zäitchen am Grand-Duché verbréngen, hei studéieren an nach méi a Kontakt mam Land kommen.