Wéi feiert Dir den Dag vun der Léift?

© Marc Hoscheid / RTL
Vältesdag, ass all Joer de 14. Februar. Et ass den Dag, wou d’Léift an d’Frëndschaft gefeiert gëtt.
D'Geschicht vu Vältesdag geet zeréck op d'réimesch Zäit. Den Dag ass benannt nom hellege Valentin, dee Koppele bestuet huet zu enger Zäit, wou de Keeser dëst verbueden hat.
Haut beschenke vill Leit sech deen Dag. D'Frëndin kritt Blummen, de Partner Schockela oder et geet en an der Koppel zesummen Iessen. Mëttlerweil ass de Vältesdag extrem kommerzialiséiert, Kritik gëtt et zum Deel och um Drock, deen op dësem Dag besteet, fir de perfekte Kaddo ze fannen.
Ma egal wéi een et gesäit, och ouni Kaddoe ka Vältesdag een drun erënneren, dass d’Léift an d’Frëndschaft wichteg sinn.
Mir hunn Iech gefrot, wéi Dir dësen Dag feiert: