Um éischte Sonndeg no Fuesent gi queesch duerch Lëtzebuerg déi sougenannte "Buergen" verbrannt. Esou soll de Wanter verdriwwe ginn.

Et ass natierlech och déi perfekt Geleeënheet, seng Noperen an aner Leit aus dem Uert mol nees ze gesinn oder lokal Perséinlechkeeten a Veräiner ze treffen.

Um Wupp vun dësem Artikel fannt Dir eng Oplëschtung vun de Buergbrennen uechter d'Land.

All Duerf organiséiert u sech een eegent - oder och e puer - Mol méi grouss, Mol méi kleng Buergbrennen. Dacks ginn dofir schonn am Virfeld Holz, Stréi a Gehecks gesammelt - eis al Chrëschtbeemercher zum Beispill - fir op enger grousser oppener Plaz als Zort "Scheiterhaufen" mat engem Kräiz oder enger Buerg verbrannt ze ginn.

Dacks gëtt och e Fakelzuch duerch déi verschidden Uertschaften organiséiert, woubäi d'Fakelen de Koup duerno a Brand setzen. Et ass awer och nach ëmmer Brauch - wann och net méi iwwerall - dass déi fir d'lescht bestuete Koppel oder eng lokal Perséinlechkeet d'Buerg ufänkt.

An der Zäit war d'Buergbrennen exklusiv op "Buergsonndeg", ma mëttlerweil hu vill lokal Veräiner dëse Rendezvous och schonn op Samschdeg, oder souguer op Freideg verluecht, wat organisatoresch besser ze geréieren ass. A ville Gemenge sinn et Veräiner wéi zum Beispill d'Scouten, déi sech engagéieren, sou dass och déi méi kleng eppes vun der Traditioun hunn.

Eng al Traditioun

Zesumme gëtt d'Keelt verjot a symbolesch de Wanter verbrannt. Dat awer net just hei am Land. Och am däitsche Grenzgebitt an op verschiddene Plazen am Frankräich ass de Brauch e Kräiz ze verbrennen e feste Bestanddeel. Am schwäbesch-alemannesche Raum heescht eist d'Buergbrennen zum Beispill "Funkenfeuer", zu Zürich an der Schwäiz gëtt op "Sechseläuten" eng Buerg (Böögg) verbrannt a bei eise franséischen Noperen ass et d'"fête des brandons".

RTL

Ursprénglech war d'Buergbrennen oder d'Faaschtefeier en heednesche Brauch a war nach ëmmer am Ufank vum Fréijoer. D'Feier steet symbolesch fir de Retour vum Fréijoer, respektiv d'Verdreiwe vum Wanter. Et ass den Triumph vun der Hëtzt iwwer d'Keelt.

Fréier hunn d'Baueren an d'Wënzer vum Buergbrenne profitéiert, fir d'Wieder virauszesoen: "Wéi den Damp op Buergsonndeg geet, sou geet en de ganze Virsummer". Experte soen awer och, dass d'Wuert "Buerg" u sech näischt mat enger Buerg ze dinn huet, mä ass op dat laténgescht Wuert "burere", also "brennen" zeréckzeféieren.

D'Buergbrenne vun de "Buergfrënn"

Eng vun de gréissere Buergen, déi dëse Sonndeg verbrannt gëtt, ass déi an der Gemeng Nidderaanwen, wou d'"Buergfrënn" schonn déi lescht zwou Wochen um Opbaue sinn. Den eigentleche Prozess fänkt awer all Joer schonn am November un, wann hir zwee "Architekten" e puer Propositioune fir d'Konzept vun der Buerg maachen.

Nodeems dann eent dovunner gestëmmt gouf, gëtt d'Material zesummegesicht. Dëst Joer waren iwwer 2.000 Paletten an 70 Kilo Neel noutwänneg, fir d'Buerg um Feld tëschent Nidderaanwen a Mënsbech ze bauen.

Verbrannt gëtt d'Buerg e Sonnden. E Samschden organiséiert de Kollektiv "PEAK" awer nach een Evenement mat enger Partie DJ'en, enger Luuchte-Show a Feierspäizerten.

Eng Traditioun, déi ännert, mee lieft

Dëse Weekend gi queesch uechter d'Land d'Buerge gebrannt. Dat fir op symbolesch Aart a Weis dem Wanter Äddi ze soen. Wärend d'Buergen am Zentrum a Süde vum Grand-Duché éischter vun de lokale Pompjeescorpsen oder de Scouten opgeriicht ginn, iwwerhuelen am Éislek dacks d'Clubs des jeunes déi Aufgab. Ma well déi op ville Plaze net méi sou breet opgestallt sinn, wéi nach virun enger Partie Joren, kënnt et och alt mol zu méi alternative Léisungen. Sou zum Beispill zu Housen, wou nieft der Jeunesse och nach d'Membere vun der asbl FOAH eng Hand mat upaken. Dat huet mat der Zäit derzou gefouert, datt d'Buerg net méi Sonndes, mee Samschdes gebrannt gëtt. De President vun der FOAH, Roland Heinen, erkläert.

Buergbrennen: Roland Heinen (FOAH)

"Jo, ech menge mir ginn och alleguerte méi al. Mir hunn da selwer och scho Familljen a Kanner an et ass fir eis einfach méi flott, well Samschdegowes hunn d'Leit méi Zäit. Oft ass et sou, datt d'Buerg an de Schluss vun der Fuesvakanz fält, an datt Méindes scho rëm d'Schoul ugeet. Mee d'Leit wëllen net onbedéngt Sonndesowes, néng, zéng Auer mat hire Kanner an der Natur stoen. Dofir hu mer gesot, mir maachen dat Samschdes, da kënne mer dat gemittlech maachen a jidderee ka mat derbäi sinn."

Datt een hautdesdaags mat Bléck op den Ëmweltschutz eng Partie Saachen, wéi zum Beispill Pneuen, net méi verbrennen duerf, géing d'Baue vun der Buerg iwwerdeems net méi schwéier maachen. Et wier par Konter gutt, datt et mëttlerweil am Bewosstsi vun de Leit ukomm wier, datt een op d'Natur oppasse muss.

Wou a wéini?

Wou a wéini gëtt dëst Joer de Wanter verbannt? Schéckt eis Informatiounen iwwert Ären Evenement hei iwwert de Formulaire eran.

Tipp: Wann dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, musst Dir fir d'éischt d'Cookies vum Site acceptéieren.

LokalitéitWou geneeWienWéiniZousazinformatiounen
AasselbuerRichtung Pafemillen, beim WaasserbehälterJeunesse Aasselburren17.02Buergbrennen um 20 Auer
AngelduerfHannert dem CampingPompjeesfrënn Angelduerf17.02Buergbrennen um 20 Auer
AngelsbiergHannert der KierchCDJ Angelsbierg18.02Buergbrennen um 20 Auer
BäerdrefOp TéilemuerFeuerwehr Bollendorf & Centre d'Incendie et de Secours Berdorf17.0219 Auer
BartrengAncienne Rue de LeudelangeClub des Jeunes an LGS Bartreng17.02 18 Auer Rvd. Kierch, 18.30 Fakelzuch, 19 Auer Buergbrennen
BauscheltOp der FléiberAmicale Pompjeeën Gemeng Bauschelt a.s.b.l.17.02Buergbrennen um 20 Auer
Bech1, um Faubourg L-6230 BechBecher Jugend18.0219 Auer
BeefortVis-à-vis vum Haus 61, Route de ReisdorfAmicale Pompjeeën Beefort a.s.b.l.18.02Start um 18 Auer, Buergbrennen um 19 Auer
BeetebuergHome St. Luc (58, Rue John Fitzgerald Kennedy)Beetebuerger Guiden a Scouten17.0218.45 Auer
BeggenGéigeniwwer vum Stade Henri DunantBeggener Guiden a Scouten18.02Fakelzuch um 18.40 Auer, Buergbrennen um 19 Auer
BettenduerfUm Dräieck, Sortie Bettenduerf a Richtung MéischtrëffPompjees-Musik Bettenduerf17.02Vun 18 Auer un, Buergbrennen um 19.30 Auer
BerbuergWiss vum Kiss&Go virum BeaurepaireRudden Hunn Berbuerg17.0219 Auer
BeyrenBeim Centre CulturelAmicale vun de Pompjeeën17.0219 Auer
BiekerechTëscht dem Leewelerwee an dem EllerweeOldtimerfrënn Biekerech17.02Fakelzuch um 19.30 Auer, Buergbrennen um 20 Auer
BierengUm Siebelchen a Richtung BierengerbiergVeräiner vu Biereng18.02Vu 17 Auer un, Buergbrennen um 20 Auer
BiissenKlengbousbierg (hannert der Sportshal nieft dem Tricentenaire)Pétanque Club Biissen17.0219 Auer
BilschdrefOp der BuergplazAmicale Pompjeeën Ueschdref Bilschdref17.0220 Auer
BiwerUm Rédelbierg géintiwwer vum KierfechtAmis de la Croix-Rouge Biwer18.02Fakelzuch um 18 Auer, Buergbrennen um 19 Auer
BielesGaalgebiergScouten G.-D. Jean17.02Fakelzuch um 19 Auer
Bierden Amicale Bierden18.0219 Auer
BounewegBvd. Kaltreis beim WaassertuermBouneweger Guiden a Scouten17.02Start um 19 Auer
BrouchBei der aler Sandkaul (Rue de Biissen)CDJ Bricher Suebelmouken18.02Start um 18 Auer, Buergbrennen um 19.30 Auer
Bungeref Spuerveräin18.0219.30 Auer
BurUm BiergClub des Jeunes Ënnersauer17.02Fakelzuch um 19 Auer, Buergbrennen um 19.30 Auer
Cents153, Rue CentsCentser Guiden a Scouten18.02Vu 16 Auer un
ChrëschtnechOp der HougeriichtClub des Jeunes Chrëschtnech18.02Vun 18 Auer un, Buergbrennen um 19.30 Auer
Colmar-BiergAm PompjeesbauAmicale vun de Fräiwëllege Pompjeeën18.0219 Auer
ConterOp der Syrener HeedClub des Jeunes Conter17.02Start um 19 Auer
DéifferdengUm Metzkimmert bei der VëlosschoulDéifferdenger Guiden a Scouten17.02Fakelzuch um 19.45 Auer, Buergbrennen um 20 Auer
DiddelengHome St. JeanDiddelenger Guiden a Scouten 17.02Start um 18.30 Auer, Buergbrennen um 19.15 Auer
DikrechA BedigenAmicale Asazzenter17.02Vun 11.45 Auer un, Buergbrennen um 20 Auer
DuelenKierlingerstrooss beim FussballsterrainAmicale vun den Pompjeeën Duelem-Welfren asbl18.02Faakelzuch um 18.45 Auer
EeselbuerEeselbuer Richtung Pateren   
EschduerfUm Aalen TippJugend Eschdöerf-Mettscheet18.0219 Auer
EttelbréckOp den DaichwisenEttelbrécker Pompjeeën17.02Fakelzuch um 19.30 Auer
Feelen"Op der Tomm" (Rue Belle-Vue)Amicale Pompjeeën Feelen17.0219.30 Auer
FëlschdrefMunnereferstroossAmicale Pompjeeën Fëlschdref17.02Start um 18 Auer
FéngegRue du Bois "Um Kues" beim SchappFéngeger Jugend18.02Vun 19 Auer un
FentengBeim KierfechtPompjeeën Gemeng Hesper17.02Fakelzuch um 19 Auer
FluessweilerOp der BuergplazClub des Jeunes Fluessweiler18.0219 Auer
FurenOp der KnuppClub des Jeunes Fouhren18.0219.30 Auer
GarnechUm BotterkraizClub Opel Hecktriebler Lëtzebuerg18.02Start um 17.30 Auer, Buergbrennen um 19 Auer
GilsdrefRue des Jardins bei der VelospisteClub des Jeunes Gilsdref17.02Start um 19 Auer
GonnerengUm GehaansraichGonnerenger Duerfclub18.02Vu 17 Auer un, Fakelzuch um 18.30 Auer, Buergbrennen um 19 Auer
GouschtengBeim Centre CulturelGouschtenger Pompjeeën18.0219 Auer
GreiweldengBeim VeräinsbauClub des Jeunes Greiweldeng Stadtbredimus17.02Start vum Fakelzuch um 19.30 Auer
HaasselChalet Haasseler BëschWeiler Bouwen a.s.b.l.17.02Start um 18 Auer
HarelUm Napoléons-BeemschenJeunesse Harel18.02Vun 20 Auer un
HeischentUm aalen TippHeischter Jongen18.0219.15 Auer
HengeschtBeim WaassertuermJeunesse Hengescht17.0220 Auer
HënsdrefUm ZappHënsdrefer Duerffrënn18.02Start um 11.30 Auer, Buergbrennen um 19 Auer
HiefenechOp der HéichtHiefenecher Jugend18.0219 Auer
Holz Club des Jeunes17.0219 Auer
HoufeltOp der SchockSchéissclub17.0220 Auer
HousenUm KnuppFOAH Asbl an Jeunesse Housen Asbl17.02Fakelzuch um 19.30 Auer bei der Kierch, Buergbrennen um 20 Auer
Hueschtert Club des Jeunes18.0219.30 Auer
IechternachUm SéiAmicale vun den Pompjeeën & LGS18.02Buergbrennen um 19 Auer
Ierpeldeng/BousBeim Kierfecht NengkirchenAmicale Pompjeeën Bous18.02Vun 18 Auer un, Buergbrennen um 19.30 Auer
IewerlengBeim Schlass, Rue PrincipaleIewerlenger Bréckestäiler18.02Vu 15 Auer un, Fakelzuch um 17 Auer, Buergbrennen um 17.30 Auer
IzegBeim Tennis TerrainEntente Itzeg18.0219 Auer
JonglënsterLënsterbierg, Schluss vun der Rue de la MontagneLGS St. Martin Jonglënster18.0218.15 Auer fir de Fakelzuch
KäerchBei der PrimärschoulGieweler Pompjeeën asbl18.02Vu 17 Auer un, Fakelzuch um 18.45 Auer, Buergbrennen um 19 Auer
KeespeltAn der HéischtPompjeesfrënn Keespelt-Meespelt18.02 
KënzegBeim WaassertuermClub des Jeunes Kënzeg17.02Vun 19 Auer un
KolerUm BiergClub des Jeunes Koler17.0219 Auer
KolpechPompjeesbau UewerkolpechAmicale Pompjeeën Gemeng Ell an CDJ Kolpech17.02Fakelzuch um 19 Auer
KopleschBei de 5 BuchenAESA Scouten an d'Jugendhaus Bridel17.02Fakelzuch um 18 Auer, Buergbrennen um 18.30 Auer
KonsdrefUm Tipp (rue Kuelscheier)Konsdrëffer Musek 18.02Vun 18.30 Auer un Gegrills a Gedrénks an der Garage op der Adress 9, Rue Kuelescheier. D'Buerg gëtt géint 19:00 verbrannt
KruuchtenUm GlaberweeCruchten 2.017.02 
LampechA Millesch, 12a Rue de RuisseauLampecher Fliichteschësser18.02Fakelzuch um 19 Auer
LeidelengUm Enn vun der Rue Eich Richtung Lager HUKAmicale vun de Leidelenger Pompjeeën18.02Fakelzuch um 18.30 Auer, Buergbrennen um 19 Auer
Léifrigvis-à-vis vum CampingD’Meedercher an d’Jongen vun der Burrig18.02Buergbrennen em 19.00 Auer.
LennengenWéngertsbiergDT Lenneng17.0218 Auer Iessen am Festsall, Fakelzuch um 18.45 Auer
LuerenzweilerOp der SchanzLuerenzweiler Scouten18.2Vu 17 Auer un, Buergbrennen um 19 Auer
MäertertAn der LämkaulCimw asbl17.02Fakelzuch um 18 Auer, Buergbrennen um 19 Auer
MäerzegUm Krippelsbierg, Rue de MerschiedAmicale Pompjeeën Mäerzeg asbl17.02Buergbrennen um 19.20 Auer
MamerUm Enn vun der Rue de KehlenCSV Gemeng Mamer18.02Start um 17.30 Auer, Buergbrennen um 19 Auer
ManternachUm EerPompjeesfrënn CIS Manternach17.02Fakelzuch um 19 Auer
MéchelaUm FuttballsterrainAmicale 09 Méchela an CS Buurschent18.02Buergbrennen um 19 Auer
MéchelbuchBeim DaachdeckerPompjeesfrënn an Aktiv Viichten17.0220 Auer
MeechtemAn der Hal vum LokalveräinUnion des Jeunes17.0218 Auer
MëllerefAn der WollefskaulMëllerefer Buerg Jugend18.02Vun 12 Auer un
Miersch4, Rue de GosseldangeMierscher Pompjeeën ASBL18.02Vun 11 Auer un, Buergbrennen um 20 Auer
MiesdrefUm KachebiergAal Lanzen Asbl18.02Start um 20 Auer
MonnerechUm Ufank vun der Rue de PontpierreMonnerecher Guiden a Scouten17.02Start um 19 Auer
MunnerefUm BadboeschelchenMunnerefer Mais FNEL Scouten17.02Vu 15 Auer un, Feier um 19 Auer
MunzenFrummeschgaassJeunesse Munzen Draufelt Siwwenaler asbl18.02Fakelzuch um 19 Auer bei der Kierch
NäertrechUm FluchfeldJeunesse NGW17.02Vun 19 Auer un
NidderaanwenCR132 tëscht Nidderaanwen a MënsbechBuergfrënn a Scoute vun Nidderaanwen18.02Vun 18 Auer un, Buergbrennen um 19.30 Auer
NojemUm KimmCDJ Nojem17.02Buergbrennen um 19.30 Auer
NoutemBeiwenerstroossJeunesse Noutem18.0219 Auer
Op der SchanzHannert dem BildchenMicky Mais Gemeng Bech18.02Vun 18 Auer un
OsperCentre Polyvalent (31a, Rue Principale)Gudd Noperen vun Osper Räichel an der Elz asbl18.02Start um 17 Auer, Fakelzuch um 18 Auer, Buergbrennen um 18.30 Auer
OuljenAm Kéisbierg (Rue de Flaxweiler)Ouljener Jongen17.0219 Auer
PärelRue du Moulin, BuergplazClub des Jeunes an Amicale Pompjeeën Pärel-Wolwen17.0219.30 Auer
PéitengRue BellevuePéitenger Guiden a Scouten17.02Fakelzuch um 18.30 Auer, Buergbrennen um 19 Auer
Rammerech Club des Jeunes an Rammericher Pomjeesmusik18.0219.30 Auer
RéidenBeim neie Gemengenatelier de Feldwee eropCIS Réiden asbl an FC Préizerdaul-Réiden17.02Start um 16 Auer, Buergbrennen um 20 Auer
ReilandBeim BëschelchenAmicale Pompjeeën Hiefenech-Reiland17.02Start um 18.30 Auer
RéimechUm GewännchenLGS St. Cunibert Réimech17.02Fakelzuch um 18.30 Auer, Buergbrennen um 19 Auer
ReisduerfBeim FussballsterrainAmicale Pompjeeën Reisduerf17.02Start um 19 Auer, Buergbrennen um 20 Auer
Rëmerschen/SchengenOp der MoullJugendinitiative Boermereng17.02Fakelzuch um 19 Auer
RëmeljenBurigplatz Richtung Boxer rop 18.02Start um 18 Auer
RippegOp der RuederAmicale Rippeger Pompjee18.0219.30 Auer
RippweilerBuergplaz beim WaassertuermRippweiler Jugend18.02Start um 19 Auer
RodangeOp der DänneknippchenAmicale Nidderréideng-Rodange18.02Buergbrennen um 19 Auer
RollengCentre de loisirAmicale vum CIS Péiteng18.02Vu 16 Auer un
RuedRued/EllËnnert de Rieder Asbl17.02Start um 19 Auer
SandweilerBeim Pompjeesbau, 113 Rue d'ItzigAmicale vun de Sandweiler Pompjeeën18.02Buergbrennen um 19.30 Auer
SchandelHannert der KierchPompjeesfrënn Gemeng Useldeng17.02 Buergbrennen um 20 Auer
SchëndelsGéintiwwer der Spillplaz, Montée de la BergerieAmicale Pompjeeën Schëndels18.02Vun 17.30 Auer un
SchierenHannert der KierchPompjeesfrënn Schieren18.0219 Auer
SchullerHome Dippecher Dachsen (21, Rue des Ecoles)Dippecher Dachsen an d'Amicale vun den Dippecher Pompjeeën18.02Vu 17 Auer un, Fakelzuch um 18 Auer
SimmerSimmer/Um WaldPompjeeën Greisch-Roodt-Simmer a.s.b.l.17.02Start um 17.30 Auer
SteeënBeim PompjeesbauAmicale Pompjeeën Iermsdref17.02Fakelzuch um 19 Auer
SteeselOp der Vëlospist hannert dem RecyclingcenterSteeseler Scouten17.02Start um 18 Auer
StengefortP&RDeClub mat de Stengeforter Guiden a Scouten17.02Fakelzuch um 18.30 Auer, Buergbrennen um 19 Auer
SuessemBeim SchlassSuessemer Guiden a Scouten17.02Start um 17.30 Auer, Fakelzuch um 18.30 Auer
TëntenBeim HeidemierNatur an Ëmwelt Téinten18.02Vun 18 Auer un, Buergbrennen um 19.30 Auer
Ueschdref Amicale Pompjeeën Ueschdref/Bilschdref17.0220 Auer
UewerdonwenOp der Kopp an der Rue BéinertAmicale Pompjeeën17.0219 Auer
UseldengÖkoparkingClub des Jeunes Useldeng18.02Vun 18 Auer un, Buergbrennen um 19 Auer
WäicherdangAusgang Wäicherdang Richtung EeselbuerAmicale Wäicherdang18.0219 Auer
WäiswampechBeim ZeltJeunesse va Wäiswampich17.02 
WalVeräinsbau (42, Rue Principale)Déi Waler17.02Fakelzuch um 19.15 Auer
WalferBeim RugbysterrainWalfer Guiden a Scouten18.0219 Auer
WuermerUm KundelDII Wormer18.0219 Auer