Tëscht 8.000 an 10.000 Leit hunn e Sonndeg de Wee op Schëffleng fonnt, fir de Cortège vun der Kavalkad ze kucken.

De Fuesbok iwwerhëlt Schëffleng fir een Dag. Trotz driibsegem Wieder hunn dëse Sonndeg vill Leit de Wee op Schëffleng fonnt fir bei der traditioneller Kavalkad mat dobäi ze sinn. Kostümer, dekoréiert Ween a genuch Séisses, fir datt den Zänndokter sech och freet.

Ma wat wier eng Kavalkad ouni e bësse Reen. Déi 8.000 bis 10.000 Visiteuren hu sech jiddwerfalls net ofschrecke gelooss.

Dem Scott Kries vum Organisatiounscomité vun der Kavalkad no géif et bei der Kavalkad drëms goen, dass d'Schëfflenger awer och d'Leit, déi vu bausse kommen, zesummen e flotten Dag verbréngen: "Mir hunn zwar 12.000 Awunner, mee mir sinn territorial ganz kleng. Et geet drëms, d'Leit zesummen an de Kär ze kréien an zesummen e flotten Dag ze verbréngen. An d'Leit vun auswäerts sollen och gesinn, datt et zu Schëffleng méi ewéi just d'Haaptstrooss gëtt. Schëffleng an d'Schëfflenger Leit sinn attraktiv."

D'Schëfflenger hu sech – ewéi et sech fir d'Fuesent gehéiert – vun hirer beschter Säit gewisen. Déi Kleng ewéi och déi Al feieren trotz schlechtem Wieder bei gudder Atmosphär.

38 Gruppen a Ween ware bei der 33. Editioun vun der Schëfflenger Kavalkad dobäi. Zanter der éischter Editioun am Joer 1986 huet sech de Parcours e puer Mol geännert. Esou och dëst Joer. D'Ween ginn ëmmer méi grouss a brauchen deementspriechend ëmmer méi Plaz.

Ma dëst Joer probéiert een och, d'Leit no der Parad nach an der Stad ze halen, wéi de Scott Kries erkläert: "Den Highlight dëst Joer si sécherlech déi véier Party-Spotten, déi mer nei gemaach hunn. Fir all Generatioun, fir all Goût. Mir hoffen, datt d'Leit den neien Tour an och déi nei Plaze flott fannen an d'nächst Joer rëmkommen."

D'Traditioun vun der Kavalkad zu Lëtzebuerg geet bis 1870 zeréck. All Joers zitt et zéngdausende Leit op Dikrech, Réimesch, Péiteng oder och Schëffleng.