Statista no, ass den Undeel vu Leit, déi heefeg gestresst sinn, an Däitschland tëscht 2013 an 2021 vun 20 op 26 Prozent geklommen.

Ma och soss schéngt Stress omnipresent an eisem Alldag ze sinn, egal wou ee wunnt a wat ee mécht. Zu deenen heefegsten Ursaachen zielen externe Leeschtungsdrock, gréisser Changementer am Liewen, Problemer op der Aarbecht respektiv an der Schoul, finanziell Schwieregkeeten oder och familiär Problemer.

Fir besser mam Stress am Alldag eens ze ginn, ginn et souwuel vu professioneller Säit wéi och online ëmmer méi Offeren, déi Hëllef verspriechen. Eis Journalistin Valeria Wiwinius huet fir de Magazin ee Mount laang probéiert, verschidde Methode fir de Stress ze meeschteren, a säin Alldag anzebauen. Am Reportage gitt Dir gewuer, wéi vill Erfolleg hat domat hat.