All drëtte Mënsch huet nach eng Zännfëllung aus Amalgam am Mond. Well do gëftege Quecksëlwer dran ass, ginn d'Plëmb vun 2025 un an der EU verbueden.

Vill Leit stelle sech elo d'Fro: Eraushuelen an ersetzen, oder net? Wéi héich ass de Gesondheetsrisiko wann een Amalgam-Plëmb an den Zännfëllungen dra léisst?

Amalgamm an den Zänn: draloossen oder eraushuelen? Reportage vum Michèle Schons

Amalgam besteet zu 50% aus Quecksëlwer, gebonnen aus enger Legéierung aus Sëlwer, Zénk an Zënn. D'Material war virun enger Zäit ganz resistent an och gënschteg. Ma elo scho begrenzt d'EU-Recht d'Benotzung vun Amalgam: Bei Jugendlechen ënner 15 Joer, bei Schwangeren an och Mammen, déi nieren, soll d'Material guer net geholl ginn. Den Zänndokter Tom Mailliet erkläert: "Et muss ee soen, den Amalgamm, wéi dee virun 200 Joer komm ass, hat e risegen Avantage. E war einfach ze gebrauchen. Et war effikass, laanglieweg, et huet gutt funktionéiert an et huet mat gezunn, dass d'Soins dentaires ëmmer méi abordabel gi sinn, fir eng Majoritéit vun de Leit. Dofir war et eng grouss Revolutioun. Hautdesdaags gëtt dat bei eis an Europa kaum nach gebraucht an och net méi op den Unien enseignéiert."

D'Verbuet, dat d'nächst Joer a Kraaft trëtt, huet awer méi mat der Ëmwelt, wéi mat der Gesondheet ze dinn. Et geet drëms, d'Quantitéit ze limitéieren, déi mat an e Crematoire kënnt an esou an d'Loft geréit. Donieft gëtt et genuch wëssenschaftlech Etüden, bei där keng bewisen huet, dass et schiedlech fir de Mënsch ass. "Et gëtt bestëmmte Situatiounen, déi neurologesch Problemer ausléise kënnen, wa ganz vill Amalgammen do sinn an notamment Korrosioun vun Amalgammen, mat aner Metaller am Mond. Do kënnen d'Tauxe méi héich sinn. Mee mir sinn zum Beispill, och bei Mënschen, déi der vill hunn, nach ëmmer wäit ënnert den Tauxen, wat vun Europa erlaabt ass, wat den importéierte Fësch ubelaangt, deen dierf verkaf ginn. Dat heescht, wann ee relativ vill Fësch ësst, huet ee méi Mercure dovunner wéi vun den Amalgammen", sou den Tom Mailliet weider.

Déi zweet Saach ass, dass Quecksëlwer an engem Amalgam, wann e fest am Mond gebonnen ass, kaum bis guer net erauskënnt. Den Zänndokter erkläert: "En Amalgam setzt Mercure-Vapeure fräi, dee Moment, wou e gefrääst gëtt, fir en erauszehuelen. Dowéinst soll een en net eraushuele wann et net muss sinn. Dat heescht - ass eng Karies drënner, ass e gebrach, riskéiert en, en Zant ze briechen, well en ze grouss ass - dat si Facteure, wou mer den Amalgam eraushuelen. Wéinst ästheteschen oder gesondheetlechen Ursaachen, ass absolut keen Interêt a keng Indikatioun do. Wéi gesot, et gëtt méi wéi genuch, zanter honnerte vu Joren, Etudes Scientifiques iwwer d'Onschiedlechkeet vum Amalgam am Mond. Bis op de Moment, wou en erausgeholl gëtt. Dat heescht, et soll een en nëmmen eraushuelen, wann et muss sinn." 

Mercure huet en déiwe Punkt wou e kacht an a seng geféierlech Gasform ëmgeet, dofir musse bei engem Ersatz Precautioune wéi eng gutt Killung an eng anstänneg Aspiratioun, wou alles opgesaugt gëtt, getraff ginn.