Laang hunn d'Fans vum brittesche Kinnekshaus drop gewaart, dass no de Mënz Enn 2022 och lo Geldschäiner mam Portrait vum Kinnek Charles erauskommen.

Déi nei Schäiner am Wäert vu 5, 10, 20 a 50 Pond vun der Bank of England mam Kapp vum brittesche Kinnek sollen de 5. Juni an den Ëmlaf kommen. Dat hat d'brittesch Zentralbank e Mëttwoch matgedeelt. Déi al Schäiner mam Portrait vun der Queen Elizabeth II. sollen awer nach valabel bleiwen. Se ginn no an no ersat, bis se ofgenotzt ginn. Aus Grënn vum Ëmweltschutz solle se soulaang am Ëmlaf bleiwen wéi méiglech.

Déi Fans, déi awer net waarde kënnen, bis se zoufälleg ee vun den neie Schäiner mam Kinnek Charles III. kréien, kënnen dës a klenger Quantitéit an och just fir e kuerzen Zäitraum ëmtauschen.
Den Charles koum am September 2022 op den Troun an huet seng verstuerwe Mamm, d'Queen Elizabeth II. no iwwer 70 Joer um britteschen Troun ofgeléist. Dräi Méint méi spéit koumen och schonn déi éischt Mënz eraus, lo dann och d'Schäiner.