Et geet ëm Integratiounsprojeten an Tiers-Lieuen, wou Communautéiten entstinn a wou ee seng Ressourcen, seng Capacitéiten a säi Wësse fräi deele kann.

An eiser Serie presentéiere mir Iech ee Mol d'Woch verschidde Plazen uechter d'Land, wou ee baussent der Famill a senger Aarbecht Mënschen treffen, sech mat hinnen austauschen a sech kenneléiere kann.

Den Ôpen zu Jonglënster gouf am Mee 2023 ageweit. D'Iddi fir hiert Konzept kënnt vun der Presidentin Perrine Pouget. Op ronn 200 Quadratmeter erstrecke sech d'Raimlechkeete vun engem fréiere Blummebuttek a bidde masseg Plaz fir verschidden Aktivitéiten. Heekelen, Danzcoursen, Foodsharing, Kleedertosch, Spillnomëtteger a villes méi. Jidderee kann hei en Atelier proposéieren oder un engem deelhuelen. Ob een an der Ëmgéigend wunnt oder vu méi wäit kënnt, spillt keng Roll.

Et wollt een einfach eng Plaz hunn, wou ee kann zesumme kommen a virun allem déi nei Leit aus der Gemeng sech integréieren a Frëndschafte schléisse kënnen. Finanzéiert gëtt de Projet vun der Oeuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte a vun der Gemeng.

De Replay vun all den Episode fannt Dir och am RTL Play.