Nëmmen all 4 Joer Gebuertsdag. En extra Message op dësem Schaltjoer.

2024 ass e Schaltjoer. De Februar dauert en Dag méi laang, en Dag, op deem zum Beispill d'Lena Gercke, den Ja Rule, de Martin Suter an de Gioachino Rossini Gebuertsdag hunn oder haten.

A wéi gesäit et an Ärem Bekannten- a Familljekrees aus? Mir ginn Iech d'Méiglechkeet, fir all deene Leit, déi den 29. Februar op d'Welt komm sinn, ee spezielle Message ze maachen.

Schéckt eis Ären Audiomessage eran a mir spillen Är Gléckwënsch den 29. Februar um Radio.