Dan Thuy, Thierry Nunes an Tom Hoffmann
Am Live! Planet People goung et dëse Freideg ëm Hypnos, eng Lëtzebuerger Koppel op Weltrees an d'Erfëlle vun engem Kandheetsdram.
Den Dan Thuy wollt sech veränneren a gouf vum Schoulmeeschter zum Hypnostherapeut, deen och gäre Fotoen mécht. Vun 1999 bis 2023 huet den Dan zu Steesel, Schoul gehale. En huet ëmmer gär mat Kanner geschafft awer déi lescht Joren huet säin Beruff sech an eng Richtung verännert déi him net méi sou gefall huet, an huet op Hypnotiseur ëmgesuedelt. No der Basisformatioun koumen Spezialisatiounen fir Blockaden a mentaler Stäerkt, Schlofschwieregkeeten, Suchtverhalen, Depressioun a Burnout. Zanter 2006 ass hien parallel och Concertfotograf an huet230 Concerten am Bild festgehalen, donieft mécht hien Déierefotografie, Makrofotografie a fotograféiert Leit a Landschaften.

Den Thierry Nunes a seng Fra Jennifer hunn Diddeleng de Réck gedréit a sinn elo 7 Méint op Weltrees. De Buschauffer aus der Stad huet sech congé sans solde geholl a säin Dramauto verkaaft fir alles ze finanzéieren. Den Aventurier an déi geléiert Educatrice sinn net drun interesséiert all puer Wochen e kuerze Weekendtrip ze maachen mee hunn Neel mat Käpp gemaach. Kolumbien, Bogota a Rio mat sengem faarwege Karneval, hu se schonn hannert sech, a Bolivien, Peru, d'Karibik, de Vietnam, Australien an Neiséiland stinn nach um Programm. Bal wunnt d'Koppel an engem Hostel, an engem Hotel oder bei Leit doheem, an alles wat se erliewen deele se als Kiki a Kika op Instagram mat hire Follower.

Den Tom Hoffmann huet sech e Kandheetsdram erfëllt a kommentéiert op RTL d'Formel 1. Mat engem Spillauto huet alles ugefaangen, an d'Maquette huet bis haut iwwerlieft. Och dëst Joer iwwerdréit RTL nees d'Fräi Trainingen a ganz nei vun dëser Saison un souguer op RTL Zwee, wou dir och SMS'en mat Froen eraschécke kënnt, déi Iech ënnert de Neel brennen. Ass de Verstappen nees net anzehuelen, a wéi eng Richtung dréit d'Pilotekarussell, wéi eng Roll spillt den Hamilton viru sengem Wiessel bei Ferrari a wéi ass et mat den aneren Ecurien? A net just d'Ronnenzäiten, déi ëmorganiséiert Sprintweeekender an d'Rumeuren interesséieren d'Fans, well an der Formel 1 heescht et net ëmsoss, dass un all Rumeur eppes drun ass.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.