Trotz liichtem Ree vill Leit an der Uelzechtstrooss
Méi wéi 60 Veräiner waren och dëst Joer nees bei der Escher Kavalkad dobäi. Eng 30.000 Visiteure goufen erwaart, fir zesumme mat de Jecken ze feieren.
Um 14.15 Auer war de Startschoss vun der Escher Kavalkad. Lass geet et an der Victor Hugo Strooss. Duerno goung de Cortège duerch d'Kanalstrooss a Richtung Brill Plaz. Vun do aus goung et duerch d'Geschäftsstrooss, also d'Uelzechtstrooss, bis erof op d'Gemengeplaz.
Iwwer 60 Veräiner aus Lëtzebuerg an dem noen Ausland huele mat hire Ween, Musek- a Foussgruppen un der Escher Kavalkad deel. Verdeelt goufen natierlech och dëst Joer nees vill Séissegkeeten. D'Organisateure hate mat engen 30.000 Leit gerechent, déi laanscht Stroosse stoe wäerten, fir sech dëse Spaass net entgoen ze loossen.