Déi faszinéierend Natur vun Island
Am Februar 2024 war de Christian Lamy ënnerwee am Süde vun Island an huet eis eng Partie wonnerschéin Andréck vun der Insel geschéckt.
De Süde vun Island ass eng Regioun, déi fir spektakulär Landschaften an déi verschiddenen natierlech Attraktioune wéi Polarliichter, Vulkaner, Geothermie, Geysiren oder Waasserfäll bekannt ass.
Op sengem Tour huet de Christian Lamy eng ganz Partie vun dëse Natur-Spektakelen mat senger Kamera agefaangen, dat ugefaangen mat der Haaptstad Reykjavik, Bláskógabyggð, Sefloss bis hin bei de Vatnajökull-Gletscher zu Vik.
Och de berüümte Reynisfjara-Strand, dee bekannt ass fir säi schwaarze Sand a seng impressionant Basalt-Sailen, ass am Süde vum Land ze fannen.
Island notzt jo och intensiv d'Geothermie, also gespäichert Hëtzt ënnert der Äerdkrust vu Vulkanen, als natierlech Heizung a versuergt domadder praktesch seng komplett Populatioun mat dëser propperer an nohalteger Energie.
An natierlech sinn déi fantastesch an ëmmer nach seelen Polarliichter eent vun den Highlights, wann een op der nordescher Insel ass. Dëse Phänomen ass jo duerch d'Sonnenaktivitéiten bei de Polar-Kappen z'erklären.