40 Joer Melusina
Eng vun den eelsten Discoen am Land huet Gebuertsdag gefeiert
Iwwert d’Jore war de Melusina scho villes: Vum Hotel iwwert den Theater- hin zum Concertssall an Jazzclub.
1890 gouf d’Haaptgebai gebaut, an den 30er Jore koum den haitege Festsall dobäi.
Zanter 1984 ass de "Melu" och fest am Nuetsliewe verankert. Wien zu Lëtzebuerg Melusina seet, deen denkt villäicht net just un d’Seeche vun der Mierjongfra, ma genee sou och un de Club a Clausen.
40 Joer Nuetsliewen huet d’Boîte de leschte Weekend gefeiert – an ënnert de Gäscht war esou munch een, dee schonn op den alleréischte Partyen hei matgefeiert huet a sech och haut nach gären dorun erënnert. De 40. Gebuertsdag war also eng Aart Klassentreffe vu verschiddene Generatiounen.
Am meeschte gelies