Et geet ëm Integratiounsprojeten an Tiers-Lieuen, wou Communautéiten entstinn a wou ee seng Ressourcen, seng Capacitéiten a säi Wësse fräi deele kann.

An eiser Serie "Zesummen - Den Noperschaftstreff" presentéiere mir Iech verschidde Plazen uechter d'Land, wou ee baussent der Famill a senger Aarbecht Mënschen treffen, sech mat hinnen austauschen a sech kenneléiere kann.

De LOFT steet kuerz fir Lokale Familljentreff. Deen zu Luerenzweiler gëtt et zanter November 2022 an ass, nieft deem zu Stadbriedemes an deem zu Stroossen, ee vun den am Ganzen dräi Sitten.

Et ass e Projet vun der Croix-Rouge, ma d'Iddi vum Konzept kënnt vun den Educateuren aus der Maison Relais. An hirem Alldag krute si masseg Froe vun den Elteren zur Kannererzéiung gestallt a vun hirer Situatioun doheem erzielt. Dëst ass séier iwwert d'Aufgabe vun engem Educateur erausgaangen an d'Zäit fir esou Gespréicher huet och einfach gefeelt - gebuer war d'Iddi vum LOFT.

An engem gemittleche Raum an der Maison Relais kënne sech d'Famillje vun de Kanner aus der Gemeng austauschen, eppes zesummen ënnerhuelen an nei Leit kenneléieren.

De Replay vun all den Episode fannt Dir och um RTL Play.