Am Live! Planet People goung et e Freideg ëm zwou Comedy-Showen, en Defilé vu Schüler mat Kleedung aus Pabeier an engem Lëtzebuerger beim "Tatort".

Den Dan Theisen mécht mat Tri2pattes eppes fir d'Laachmuskelen a fir de gudden Zweck. Zesumme mam Sonja Schmitz an dem Änder Thill ënnerhale si elo schonn 10 Joer hire Public, awer net just mat Sketcher, mee och Lidder an Dänz, Standup, Clownerie, Pantomime a faarwege Kostümer an Accessoiren. "Fir Laachen, dréckt 3", heescht hiren neie Programm no "Une vie de merde", "Plakeg a mat vill Gejäiz" an "Keen doheem". Fir hiren Anniversaire hu si nei Elementer um Menü a gräifen op Bewäertes zeréck, a vun Ufank un ënnerstëtze si de Bau vu Schoulen am Senegal. Méi Informatiounen dozou fannt Dir op se Sitte www.mema.lu an www.tri2pattes.lu.

De Comedian Ralf Schmitz léiert fläisseg Lëtzebuergesch fir säin Optrëtt den 8. Mäerz an der Rockhal, a well deen Owend scho laang ausverkaaft ass, kënnt hien den 20. Februar 2025 erëm, awer mat sengem neie Programm "Schmitzfindigkeiten", wou d'Prévente vun der Rockhal nächsten Donneschdeg uleeft. Awer och op der Televisioun kann een hien Dënschdes bei ProSieben gesinn an der Prime-Time-Show "Wer isses?", wou hie mam Chris Tall Detektiv spillt. Bis Ouschtere muss ee sech nach gedëllegen, dann ass hie bei LOL op Amazon Prime Video ze gesinn. Méi zu der Show vum Ralf Schmitz fannt Dir op sengem Internetsite www.ralfschmitz.tv.

D'Patricia Bolle huet zesumme mat Schüler en Defilé mat Kleeder an Hitt aus Pabeier organiséiert. Bei der Geleeënheet vum "Festival des migrations" an der LuxExpo konnten déi Jonk aus dem Kolléisch a vum Escher Jongelycée Kreatiounen aus Pabeier maachen a selwer op der grousser Bün virféieren. De Projet war eng Erausfuerderung an Aventure zugläich, fir mat dësem delikate Material ëmzegoen, Faarf an d'Spill ze bréngen an d'Konschtwierker virun engem grousse Public ze weisen.

De Pétur Óskar mécht net just Musek, mee ass e Sonndeg am neien Tatort mam Kommissär Borowski. Bekannt ginn ass hien zu Lëtzebuerg viru 4 Joer als "Oscar Leone" mat sengem Lidd "Lion", dat um Radio erop an erofgespillt ginn ass. Dat zweet Standbee vum Islänner mat Lëtzebuergesche Wuerzelen ass d'Schauspillerei. An "Trapped" konnten d'Islänner hie schonn erliewen a bei eis war hien als Polizist an der éischter Staffel vu "Capitani" derbäi. Dëse Sonndeg um 20.15 Auer ass hien als geheimnisvollen a charismatesche Charakter ze gesinn. Méi iwwert de Schauspiller fannt Dir op sengem Instagram-Profil.